Et ass bis haut eng Initiativ, déi zugläich e Konscht - wéi och en Inklusiounsprojet ass.

D'Philosophie ass nach ëmmer déi selwecht ewéi 2015, wou alles am ale Sogels Gebai um leschte Steiwer zu Bouneweg ugefaange hat. Wéi een do net méi konnt bleiwen, ass den Hariko op Esch geplënnert an zënter Mëtt Abrëll ass een eben och zu Ettelbréck present.
De fräien Zougang zur Konscht fir all déi Jonk tëscht 12 a 26, dat ass am neien Hariko zu Ettelbréck och erëm ginn. Fir 5 Euro Memberskaart kann een un de sëllege Workshops deelhuelen, vu Sange bis Danzen, Graffiti bis Zeechnen a vill méi. Geleet ginn dës zu engem gudden Deel vun de 6 Kënschtler, déi am Hariko en Atelier kruten. Fir dee musse se kee Loyer bezuelen.

Ënnert hinnen ass den Daniel Prettenhoffer, fir de jonke Mann ass domat en Dram wouer ginn. Ateliere sinn nämlech rar an dacks kaum finanzéierbar fir Nowuesstalenter. Elo huet hien e Raum, fir seng Acryl-Biller ze molen. Dofir gëtt hien zum Beispill Piano- an Zeechecoursen.

Den direkten Echange gehéiert zum Konzept, genee sou wéi datt hei all Jonken, egal op aarm oder räich, sech op dëser Plaz soll kënnen entfalen. Op an engem Workshop, wou eng ganz breet Panoplie ugebuede gëtt oder och einfach esou fir kënne kreativ ze ginn. D'Material gëtt vum Hariko gestallt.

E Samschdeg um Dag vun der Fête de la Musique ass am neien Hariko Porte Ouverte. Vun 13 Auer u kann een déi nei Lokalitéite gesinn an ënnert anerem och d'Kënschtler kenneléieren oder bei engem Workshop matmaachen, wou ee gewise kritt, wéi ee sech säin Instrument selwer baue kann.

Weider Informatioune ginn et op Hariko.lu.