Ob Original oder gutt Fälschung: Verschidde Konschtfrënn gräife gären emol déif an d'Täsch, fir e Wierk vum Leonardo da Vinci ze besëtzen.

Ob Vincent van Gogh, Claude Monet oder  Leonardo da Vinci: Si all dierften engem e Begrëff sinn, och wann een näischt mat Konscht um Hutt huet. Wie sech awer an der Konschtwelt besonnesch gutt auskennt a leidenschaftleche Sammler ass, dee leet gären emol e puer Milliounen Euro fir en Original op den Dësch. Dass esouguer verschidde Leit déif fir Kopien an d'Täsch gräifen, weist eng Auktioun bei Christie's zu Paräis.

Fir 2,9 Milliounen Euro ass nämlech eng Kopie vum berüümte Bild Mona Lisa ënnert den Hummer komm. Wéi et vum Auktiounshaus heescht, wier d'Meeschterwierk un eng bis ewell nach onbekannte Persoun aus dem Ausland gaangen.

Dëst staamt aus der Kollektioun vum verstuerwene Konschtfrënd Raymond Hekking. Hie war säi Liewe laang iwwerzeegt dovun, dass am Louvre géing eng Fälschung hänken an d'Original vum Leonardo da Vinci a sengem Besëtz wier. Hie war der Usiicht, dass d'Bild vertosch gouf, nodeems den Italiener Vincenzo Perugia d'Mona Lisa am Joer 1911 geklaut hat. Duerno huet d'Bild nees zeréck an d'Wänn vum Paräisser Musée fonnt, ma dem Hekking no awer just d'Kopie. De Wäert vum Bild gouf op 200.000 bis 300.000 Euro vu Christie's geschat.