Virun 150 Joer war dee bekannte franséische Schrëftsteller Victor Hugo zu Lëtzebuerg. Besonnesch Veianen hat him et ugedoen.

Säi Gedicht "À Vianden" huet sou eng Plaz an der Weltliteratur kritt. De Régis Thill war am Mierscher Kulturhaus fir e besonneschen Owend ronderëm de Victor Hugo ze erliewen. Den Trio "Cénacle" ronderëm d’Michèle Kerschenmeyer um Piano zesumme mam Pit Simon, deen Texter vum Victor Hugo rezitéiert, hat de musikalesche Programm opgestallt. D’Lidder ware komponéiert vu Museker, déi zur Zäit vum Victor Hugo gelieft hunn, an eng aktuell Kompositioun vum Lëtzebuerger Marco Putz.

De Victor Hugo war net nëmmen Schrëftsteller, mee Politiker, Philosoph an engagéierte Verfechter vu groussen Iddien, déi d’Mënsche sollten zesummebréngen an net auserneen dreiwen.

Dem Nico Wouterse seng Bassstëmm an der Evelyn Szesla hire Sopran hunn den Victor Hugo seng Stëmmungsbiller excellent bedéngt. D’Mise en scène ass iwwregens vum Andreas Wagner.