Si si scho längst ausgestuerwen, vergiess si si awer nach net. Rieds geet vun den Dinosaurier.

Viru ville Millioune Joren hu si d'Liewen op der Äerd dominéiert an och haut nach dréie sech vill Filmer oder Parke ronderëm dës impressionnant Déieren. Zanter Kuerzem hu si d'Rockhal um Belval besat a sinn do nach bis Ufank September ze bestaunen.

Obwuel si scho ganz laang ausgestuerwe sinn, ruffen dës Déieren nach ëmmer grouss Faszinatioun bei Kleng a Grouss ervir. Viru 66 Millioune Joren hunn déi lescht Dinosaurier op der Äerd gelieft. Déi eng hu Planzen, déi aner Fleesch gefriess.

Ronn 20 Dinosaurier ka ee bis den 9. September an der Rockhal um Belval bewonneren. An eent ass kloer: Si wëssen d'Visiteuren an hire Bann ze zéien.

Déi verschiddenst Zorten Dinosaurier kann ee bestaunen. Net feelen däerf den T-Rex. Den Tyrannosaurus rex, Protagonist a ville Filmer oder Animatiounen.

Aus Südamerika kënnt d'Ausstellung, déi all Dag vu moies 10 bis owes 18.30 Auer ophuet. D'Entréesbilljeeë mussen am Virfeld bestallt ginn.