Zu Uewermaartel, an der Gemeng Rammerech, net wäit vun der belscher Grenz ewech: Op dësem Site goufe bis 1986 Daachleeë produzéiert.

Bis zu 12 Milliounen d'Stéck pro Joer. Op enger Surface vun 8 Hektar stinn 22 Gebaier.

Vu 1790 uns a wärend ronn 200 Joer hunn hei vill Leit hiert Brout verdéngt. Géint 1920 - um Héichpunkt vun der Produktioun - hunn 600 Mënschen op dësem Site geschafft. Haaptsächlech Daachleeë goufen hiergestallt. Wärend de Visites Guidéë kréien d'Leit e flotten Abléck an eng penibel Aarbecht aus dem 18. resp 19.Joerhonnert.

Al Atelieren, d'Spalthaus, d'Villa vum Patron an e.a. d'Aarbechterhaiser stinn hei zu Uewermaartel um Site. Ënnerierdesch gouf och geschafft. An hei gëtt och un enger Iddi geschafft.

All Weekend kann een eleng oder am Grupp sech e Bild vun dësem fréieren Industriesite maache kommen. Gutt Schongwierk an eng Portioun Zäit soll ee matbréngen.

Daachlëefabrik war déi Industrie aus den Ardennen. D'Frënn vun der Lee bidden hei eng Hellewull un Aktivitéiten un.