Béid Artisten si keng Newcomer an der Lëtzebuerger Kënschtlerzeen.

Iwwert déi lescht Joren hunn déi zwee Street-Artiste sech eng Reputatioun opgebaut mat hire Graffitien, déi uechter d’Land verbreet sinn an och hirem ganz perséinleche Projet, dem Kamellebuttek.

Elo bauen déi zwee hire Repertoire nach weider aus, andeems se sech u Skulpturen eruntaaschten.