Der Schauspillproff Martina Roth no ka Konscht e Wee sinn, fir op Problemer hinzeweisen a schwiereg Situatiounen op eng kreativ Manéier ze verschaffen.

Dat war dann och d'Zil vun hirer neier Inzenéierung "Wir Überlebenskünstler". Grad a Pandemie- Zäite war et awer komplizéiert, sou eng Produktioun op d’Been ze stellen. Duerfir ass d'Stéck kuerzerhand an e Film ëmdisponéiert ginn.

D’Martina Roth ass Schauspillproff am Conservatoire. Leschten Abrëll huet si no Alternative gesicht huet, fir wärend dem Lockdown mat hire Schüler iwwer d’Problematik vun der Pandemie ze schwätzen. D’Resultat war d‘Stéck „Wir Überlebenskünstler“.

RTL

Wéinst de Sécherheetsmesurë wier et net méiglech gewiescht, d’Stéck sou interaktiv ze maachen, wéi dat u sech geplangt war. Dowéinst gouf dat Ganzt elo ëmdisponéiert an e Film. De Schüler no wier dat eng flott Experienz, wann och eng onerwaart.

D’Anna Schneider spillt d’Roll vun der "Frau am Rande der Welt". Dat ass eng rätselhaft Orakelfigur, déi di aner Charakteren an de Public soll zum Nodenke bréngen. Fir dës Roll huet di 21 Joer al Schülerin sougenannte Kothurne-Schong un, also Schong mat engem Plateau vu 45cm.

"Wir Überlebenskünstler" gëtt den 11. Juli fir d’éischt Kéier am Conservatoire gewisen. Duerno kann een de Film da weiderhin op hirem Vimeo-Kanal kucken.