Zu Käerch gëtt et eng wonnerschéin al Barockkierch an e Schlass, dat an deene leschte Jore renovéiert gouf , an zënter kuerzem och mat Liewe gefëllt gëtt.

D’Käercher Schlassfrënn hunn sech den Challenge ginn, hiert Schlass bekannt an attraktiv  ze maachen. Sou gëtt et de Summer iwwer verschidden Eventer, ënnert anerem och Concerten.

De Régis Thill war e Sonndeg de Moien zu Käerch op enger Matinée classique mam Orchester Estro Armonico.