No gutt véier Deeg Festival ass dee kontroverséiertste Film ouni Zweiwel de "Benedetta" vum Paul Verhoeven.

Net, dass haut nach géif d'Geschicht vun zwou lesbeschen Nonnen (Virginie Efira an Daphne Patakia) an engem Klouschter am 17. Joerhonnert, extra schockéieren. Et ass éischter d'Aart a Weis, wéi de Verhoeven dës Geschicht verzielt: Fir déi eng ass et Porno chic, male gaze, trash, "camp", violent, bëlleg. Fir déi aner ass et weiblechen "empowerment", einfach gäil,"joussif", eng Kritik un der Moral vun der Kierch. Eigentlech ass et bal all dat zesummen... Jee en typesche Verhoeven-Film, deen éischter u säi "Showgirls" erënnert wéi u säi leschte Film "Elle", deen 2016 och hei a Kompetitioun war.

Wann ee vun der plakativer Duerstellung vun der Renaissance oder ville grelle kitschegen "Camp"-Zeenen ofgesäit, déi sech un der d'Ikonographie vun der kathoulescher Kierch inspiréieren a sech also duerchaus vertriede loossen, bleift awer "Benedetta" un éischter Stell e Film iwwert de Kierper, deen an alle Formen an Ausdréck am Zentrum vum Film steet, ugefaange mam Saz vun der Nonn un dat klengt Benedetta, wann et an de Klouschter anzitt: "Däi Kierper ass däi schlëmmste Feind". An et ass just dëse Prezept, deen d'Benedetta ëmdréint an ausnotzt, fir d'Muecht am Klouschter z'iwwerhuelen, géint alles, wat déi männlech dominéiert kierchlech Moral duerstellt. D'Motivatioune vum Benedetta si wuel net ëmmer ganz kloer: Si seng Stigmatismen als Haaptinstrument a senger Eruewerung vum Pouvoir echt an ass et wierklech gleeweg? Oder ass alles just eng clever, zynesch Inzenéierung. Dat muss ee wuel acceptéieren, genau wéi d'Tatsaach, dass déi meescht aner Personnagen och wéineg nuancéiert duergestallt sinn an dass et dem Verhoeven net ëm Psychologie geet.

Och wann de Paul Verhoeven Hollänner ass, esou ass "Benedetta" dach gréisstendeels e franséische Film, wat d'Produktioun an och d'Sprooch ugeet. Dräi weider franséisch Filmer hunn ons ganz gutt gefall an dierften och, wéi "Benedetta", mat Succès an de nächste Méint an onse Kinoe lafen.

RTL

© (c) CG Cinéma International

Den Ouverture-Film "Annette" vum Leos Carax, deen och schonns elo fir d'drëtt an der Kompetitioun zu Cannes ass, mam Adam Driver a Marion Cotillard an den Haaptrollen, ass déi dramatesch Libesgeschicht tëschent engem Stand-Up-Comedian an enger Operesängerin. De Film ass gréisstendeels gesongen, woubäi den Adam Driver selwer sengt, wärend dem Marion Cotillard seng Operstëmm (natierlech) doubléiert ass. D'Musek, d'Texter an den Zenario kommen vun dem amerikanesche Pop-Rock-Duo SPARKS. Wéi ëmmer beim Leos Carax sinn d'Biller an d'Mise en scène magistral. A besonnesch déi éischt Halschecht vum Film ass originell a passionant a senger Denonciatioun vu Mëssstänn am Showbusiness. Duerno léisst de Rhythmus e bëssen no an de Film gëtt ze previsibel an iwwerdreift e bëssen a senger pousséierter Dramatik. Trotzdeem war "Annette" e würdegen Ouverturesfilm.

RTL

© Carole Bethuel_Mandarin Production_Foz

An engem anere Regëster hëlt de François Ozon sech erëm engem grousse gesellschaftleche Problem un, der Euthanasie. Contrairement zu senger engagéierter Approche zu de sexuellen Abusen an der Kierch am Film "Grâce à Dieu" (2018, Sëlwer Bier zu Berlin), ass säi 5. Film a Kompetitioun zu Cannes "Tout s'est bien passé" wuel e Plädoyer fir d'Recht op e fräit Stierwen, mä déi ethesch Fro steet net am Zentrum vum Film. Villméi geet et him hei ëm komplex Relatiounen an enger Famill, wou de Papp, e räichen Industriellen (André Dussollier) eng vu sengen Duechteren (Sophie Marceau) pousséiert, säin Doud an der Schwäiz z'organiséieren, well d'Euthanasie a Frankräich streng verbueden ass. Dat egozentrescht an och determinéiert Behuele vum Papp léisst sengem Meedche keng Chance, dat och elo, wéi a sengem ganze Liewen, ënnert dem Drock vum Papp steet. Matt dem provokativen an dacks onberechenbarem Behuele vu Papp, schaaft den Ozon ëmmer eng gewëssen Distanz, esou dass d'Situatioun ni ze vill emotional gëtt. Éischter zitt en de Film géint der Schluss, wann d'Police Wand vun der Expeditioun an d'Schwäiz kritt, e bëssen zum Thriller hin. Dat hätt villäicht net onbedéngt misse sinn, mä trotzdeem bleift "Tout s'est bien passé" en immense staarken Film, deen eis wierklech voll iwwerzeegt huet.

RTL

© Carole Bethue

D'Catherine Corsini ass mat "La fracture" fir d'éischt a Kompetitioun zu Cannes an abordéiert no zwee Libesfilmer ("La belle Saison" an "Un Amour impossible") direkt zwee grouss sozial a politesch Problemer: D'Kris vun de 'Gilets Jaunes' an Situatioun an de franséischen ëffentleche Spideeler. De Film spillt sech ganz als Huis clos an den Urgencë vun engem Paräisser Spidol of, wärend enger gewalttäteg repriméierter Gilet-Jaunes-Manifestatioun. An engem rasante Rhythmus verfollegt d'Kamera e puer Personnagen, awer haaptsächlech eng Infirmière (Aïssatou Diallo Sagna), eng lesbesch Koppel (Valeria Bruni Tedeschi a Marina Foïs), an e Gilet Jaune (Pio Marmaï), dee vun enger Granat um Bee blesséiert gouf, an deen onbedéngt säi Camion muss heembréngen. Den Toun an de Rhythmus gëtt eigentlech vun den hysteresche Reaktioune vun enger vun den zwou Fraen diktéiert, déi op domm Manéier den Aarm gebrach huet an de Sträit mat der Partnerin am Spidol weiderféiert. D'Situatioun am Spidol eskaléiert ëmmer méi an de Spectateur zitt voll mat an hëlt déi bëssen eesäiteg Duerstellung vu verschiddene Personnagë gär mat a Kaf.

Vicky Krieps fir de Film "Bergman Island" 1. Kéier um rouden Teppech

E Sonndeg war der Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps hire groussen Optrëtt zu Cannes um rouden Teppech. De Festival vu Cannes ass  jo lo gutt an der Hallschent ukomm. De Film "Bergman Island" vun der franséischer Realisatrice Mia Hansen-Love, an där d'Vicky Krieps d'Haaptroll huet, huet e Sonndeg seng Première zu Cannes gefeiert.

Wéi den Titel et seet, spillt de Film sech op der Farö-Insel of, wou de grousse schwedesche Realisateur Ingmar Bergman vun de 60er Jore u bis zu sengem Doud 2007 gelieft huet an och 6 Filmer gedréint huet. Op der Sich no Inspiratioun kënnt eng Cineaste-Koppel - gespillt vum Vicky Krieps an Tim Roth - op d'Insel, fir un hire respektiven neie Filmprojeten ze schaffen.

Op der Pressekonferenz zum Film huet d'Vicky Krieps betount, dass et net de Bergamn war, dee si fir d'Roll inspiréiert huet.

"Ech hunn de Bergman kannt, aus der Cinemathéik zu Lëtzebuerg, awer net immens gutt. Well d’Fraen a senge Filmer, dat huet mer Angscht gemaach oder mech ze vill beréiert an ech war ze jonk, fir et ze verstoen. Un de Zenario sinn ech ganz natierlech erugaangen, ech hunn net driwwer nogeduecht. A seng Filmer dann ze kucken, dat huet mer net dat Richtegt geschéngt. An dunn hunn ech decidéiert, et ëmgedréint ze maachen an ech wollt näischt weider iwwert dee Mann wëssen."

Ma de Geescht vum Bergman schéngt der Lëtzebuerger Actrice hir Aarbecht dann awer influenzéiert ze hunn op eng aner Manéier.