Dës Elefanteparad steet och am Zeeche vun de Geschäftsleit, déi mat dëser Aktioun ënnerstëtzt solle ginn. D'Expo ass vum 12. Juli bis den 13. September.

Elephant Parade Luxembourg Tour / Rep. Nina Schagen

Virun allem déi kleng Regional Geschäfter goufe vun der Pandemie staark getraff, sou dass déi Lëtzebuerger Regierung de Leit hei mat dëser Aktioun ënnert d'Äerm gräife wëll. Well d'Statue vun de bekannten Elefanten an de Mëttelpunkt vun enger Gemeng positionéiert ginn, erwaart een sech, dass d'Spectateuren net nëmmen d'Elefante kucke ginn, ma och d'Gemeng an där se stinn entdecken. Dëst kënnt dann och nees dem Commerce deen an der Géigend ass zu gutt.

Fanne kann een d'Elefanten zu Bartreng, Beetebuerg, Klierf, Déifferdeng, Diddeleng, Esch, Ettelbréck, Jonglënster, Mamer, Munneref, Réimech, Schëffleng a Stengefort.

Et geet bei dëser Aktioun awer och dorëms, nach e méi tragesche Message eriwwerzebréngen, nämlech d'Ausstierwe vun asiateschen Elefanten. D'Statue selwer gi verkaaft, an d'Suen déi hei era kommen, kréien Organisatiounen, déi sech fir d'Rette vun dësen imposanten Déieren asetzen.

Déi kreativ Motiver vun den eenzelen Elefante bestaunen, dobäi aner Gemengen entdecken an de lokale Commerce ënnerstëtzen. "D'Elephant Parade" hei zu Lëtzebuerg bréngt vill Liewen an d'Ländchen. De Lex Delles, Minister vum Mëttelstand: "D'Skulpturen, déi an den Uertskäre vun de Gemenge stinn, sinn ebe grad dofir do, fir d'Attraktivitéit vun der lokaler Geschäftswelt nach eng Kéier mat ze ënnersträichen, fir nach eng Kéier ze weisen, wéi flott Platzen a wéi vill Geschäfter mir hunn. Ebe grad de lokalen Handel ze ënnerstëtzen."

D'Elefanteparad ass e Projet vum Hollännesche Kënschtler Mike Spits. Hie wëll heimadder op d'Schicksal vun dësen Déieren opmierksam maachen: "Natierlech, en Deel vum Benefice, vun där ganzer Aktioun zesumme mat dem hollännesche Partner, gëtt och grad dofir geholl, fir den asiateschen Elefant virum ausstierwen ze retten".

Zesumme mat der Fondatioun "Elephant Family" sammelt hie Suen, fir Hëllefsprojeten a ganz Asien ze ënnerstëtzen. Gutt Aarbechtsbedingungen, keng Kanner Aarbecht an e fairt Akommes, schreift den Hollänner grouss.

D'Ausstellung ass och schonn 2013 ganz positiv vun de Lëtzebuerger opgeholl ginn...88% vun de Befroten hunn enger TNS ILRES Ëmfro no uginn, dass d'Parad e ganz positiivt Bild géing vermëttelen. Et wier attraktiv fir Touristen a Residenten a géing motivéieren déi verschidde Stied z'entdecken.

Parallel zu der Ausstellung selwer, gëtt et och Gewënnspiller. Mat "Mol mir en Elefant", kann ee säin eegenen Elefant designen an eng Rees fir 2 op Zürech gewannen: "An den Elefant wäert da mat op d'Rees goen, an der Häerd, sou dass dann e Stéck Lëtzebuerg, e Stéck Lëtzebuerger Elefant wäert mat duerch Europa an duerch déi ganz Welt reesen."

All Dag kann een och e Bong vun 100 Euro fir LëtzShop gewannen. Eng Foto vun engem Elefant maachen, en Hashtag mat "Elephant Parade" an dann ass ee beim Tirage au Sort dobäi.

No der Ausstellung hei zu Lëtzebuerg, wäerten d'Elefante weider op Zürech zéien, an esou en Tour duerch Europa an déi ganz Welt maachen.

Méi Detailer iwwert dës Aktioun gëtt et hei!

De Communiqué

L’«Elephant Parade Luxembourg Tour» orne les centres-villes (14.07.2021)

Communiqué par: Direction générale des classes moyennes

En date du 14 juillet 2021 le ministre des Classes moyennes, Lex Delles, et le bourgmestre de Junglinster, Romain Reitz, ont présenté l’«Elephant Parade Luxembourg Tour», une exposition de statues d’éléphants décorés, qui s’installe du 12 juillet au 13 septembre 2021 au Luxembourg. 40 sculptures d'éléphants ornent le paysage dans 13 communes dans le cadre d'une exposition en plein air.

Cette parade d’éléphants s’inscrit dans la volonté du gouvernement de soutenir les commerçants locaux. La pandémie du COVID-19 a eu un impact significatif sur le secteur du commerce, et en particulier sur les commerces de proximité. Afin de promouvoir le commerce local et de dynamiser les centres-villes, il a été décidé d’implanter l’«Elephant Parade» dans plusieurs communes intéressées. Sans aucun doute, cette exposition saura convaincre par sa diversité artistique, les statues d’éléphants offrant un attrait indéniable et attirant autant les résidents que les touristes. En plaçant les sculptures d’éléphants au cœur des centres-villes, celles-ci contribueront à attirer plus de visiteurs et à renforcer l’attrait des commerces locaux. Ce projet stimulera donc les centres urbains et ceci dans toutes les régions du pays. Les statues d’éléphants se trouvent ainsi à Bertrange, Bettembourg, Clervaux, Differdange, Dudelange, Esch-sur-Alzette, Ettelbruck, Junglinster, Mamer, Mondorf-les-Bains, Remich, Schifflange et Steinfort.

Il convient de souligner également que l’«Elephant Parade» est un projet qui parcourt le monde entier en attirant l’attention sur le sort des éléphants asiatiques en voie d’extinction. Les sculptures d’éléphants seront ainsi mises en vente afin de collecter des fonds pour des projets de soutien aux éléphants en Asie.

Lex Delles, ministre des Classes moyennes, a indiqué «qu’il est important de soutenir les communes avec des projets innovants qui animent les centres-villes et les commerces locaux. Relancer et promouvoir le commerce urbain est une priorité politique du gouvernement.
L’«Elephant Parade Luxembourg Tour» permet ainsi de générer un flux de visiteurs complémentaire au profit du commerce de proximité. Grâce à l’énorme intérêt des communes, les visiteurs pourront visiter la parade dans toutes les régions du pays».

Romain Reitz, bourgmestre de Junglinster, a déclaré que «la commune de Junglinster s'engage depuis de longues années pour une diversification des zones d'activités où peuvent exercer ensemble aussi bien le commerce que l'artisanat dans un climat harmonieux. Les populations locales et régionales sont les bénéficiaires de cette cohabitation voulue».

Il convient de noter en outre qu’un jeu concours sera lancé sur les réseaux sociaux. Les participants sont invités à poster une photo d’une statue d’éléphant en utilisant le #elephantparadeluxembourg. Ils pourront remporter du 12 juillet au 10 septembre 2021 chaque jour un bon d'achat d'une valeur de 100 euros à faire valoir auprès de la plateforme de commerce en ligne Letzshop. À cela s’ajoute le concours «Dessine-moi un éléphant». Le gagnant remportera un voyage pour deux personnes à destination de la prochaine «Elephant Parade» où il pourra découvrir une statue d’éléphant réalisée sur base de son dessin. De plus amples détails sont disponibles sur le site www.elephantparade.lu.