Um Dënschdeg den Owend ass am Literaturzenter zu Miersch de Servais-Präis iwwerreecht ginn.

Dëse Lëtzebuerger Literaturpräis soll dat wichtegst Wierk vum Joer auszeechnen. Eréischt fir d'7. Kéier geet de Präis un eng Fra. D'Dichterin Ulrike Bail huet mat hirem Gedichtband "Wie viele Faden tief" de Jury mat hirer Poesie iwwerzeegt.

Reportage "Prix Servais fir d'Ulrike Bail"

"D'Poesie huet en extreeme Poids a kann Aussoen, Biller a Gefiller am beschten op de Punkt bréngen", dat sot d'Kulturministesch Sam Tanson  bei der Präisiwwerreechung un d'Ulrike Bail, déi sech natierlech driwwer gefreet huet.

„Net nëmme well et mäi Gedichtband ass, mä datt et e Gedichtband ass, deen erausgewielt ginn ass. Dat war eng immens grouss Freed. Ech hunn et fir d‘éischt guer net gegleeft.“

An hirem Lyrikband "Wie viele Faden tief" beschäftegt se sech mam Thema Bitzen.

„Gefaangen huet mech d’Sprooch vum Bitzen, déi ass immens, immens poetesch.“

Fir de Jury läit d'Originalitéit an der Iddi d'Bitzkonscht opzegräifen an duerch d'Gedichtform nei Alldaagsmomenter fir de Lieser ze schafen. Den Ausléiser war e Besuch vum franséischen Duerf Oradour-sur-Glane, dat vun den Nazie komplett zerstéiert gouf an als Musée an Zeien vun der schrecklecher Dot do steet.

„D’Ruine si stoebliwwen an do huet an all Virgaart an all Haff eng al, verraschte Bitzmaschinn gestanen an dat war fir mech sou e Symbol vun deem Liewen, dat zerstéiert ginn ass, vun der Zerstéierung selwer a vun der Erënnerung.“

D'Ulrike Bail lieft zënter 2005 zu Lëtzebuerg an ass an de vergaangene Joren schonn e puer Mol mat hirer Poesie ausgezeechent ginn. Déi studéiert Theologin a Germanistin huet fréi de Lien tëscht béide Beräicher als Inspiratioun fir d'Lyrik entdeckt.

Ech hu virun allem am Alen Testament geschafft, do waren esou Psalmen oder kleng Formen, do hunn ech scho vill geléiert, wat dichteresch denken a schreiwe bedeit.“

Och wann d'Lyrik eng Literaturform ass, déi e manner breede Publikum erreeche kann, sou huet se awer eng wichteg Roll.

„Déi zäitgenëssesch Lyrik kann engem bäibréngen, datt een net schwaarz-wäiss denkt, datt een net op Demagogie erafält. Et muss ee sech op nei Saachen, op iwwerraschend Saachen aloossen. Et gëtt net just eng Äntwert.“