E Sonndeg war der Lëtzebuerger Actrice Vicky Krieps hire groussen Optrëtt zu Cannes um rouden Teppech

De Festival vu Cannes ass jo lo gutt an der Hallschent ukomm. De Film "Bergman Island" vun der franséischer Realisatrice Mia Hansen-Love, an där d'Vicky Krieps d'Haaptroll huet, huet e Sonndeg seng Première zu Cannes gefeiert.

Wéi den Titel et seet, spillt de Film sech op der Farö-Insel of, wou de grousse schwedesche Realisateur Ingmar Bergman vun de 60er Jore u bis zu sengem Doud 2007 gelieft huet an och 6 Filmer gedréint huet. Op der Sich no Inspiratioun kënnt eng Cineaste-Koppel - gespillt vum Vicky Krieps an Tim Roth - op d'Insel, fir un hire respektiven neie Filmprojeten ze schaffen.

Op der Pressekonferenz zum Film huet d'Vicky Krieps betount, dass et net de Bergman war, dee si fir d'Roll inspiréiert huet.

"Ech hunn de Bergman kannt, aus der Cinemathéik zu Lëtzebuerg, awer net immens gutt. Well d’Fraen a senge Filmer, dat huet mer Angscht gemaach oder mech ze vill beréiert an ech war ze jonk, fir et ze verstoen. Un de Zenario sinn ech ganz natierlech erugaangen, ech hunn net driwwer nogeduecht. A seng Filmer dann ze kucken, dat huet mer net dat Richtegt geschéngt. An dunn hunn ech decidéiert, et ëmgedréint ze maachen an ech wollt näischt weider iwwert dee Mann wëssen."

Ma de Geescht vum Bergman schéngt der Lëtzebuerger Actrice hir Aarbecht dann awer influenzéiert ze hunn op eng aner Manéier.

RTL