Eng Rei Wierker beim Festival vu Cannes konnten nëmme mëttelméisseg iwwerzeegen.

Wann ons déi éischt véier franséisch Filmer a Kompetitioun ganz gutt gefall hunn, esou hu mer bis elo, Gott sei Dank, och soss kee richteg schlechte Film gesinn, just eng Rei Wierker, déi ons mëttelméisseg iwwerzeege konnten oder där mat deenen ee carrement keng Loscht hat, sech seriö ausernaner ze setzen a scho guer net wärend engem Festival mat 2-3 Filmer den Dag a Kompetitioun.

Zu deene gehéiert zum Beispill LA FIEVRE DE PETROV, en 2,5 Stonne Film vum Kirill Serebrennikov, deen a Russland ënner Hausarrest steet an op dee mer ons gefreet haten. No kuerzer Zäit schonn hu mer et awer opginn, ze versichen, ons an de verschiddene Geschichten a Personnagen erëmzefannen. Eng ganz Rei hu Féiwer, déi aner saufen oder béides zesummen, an esou hektesch a chaotesch war och de Film. Sënn an Zesummenhäng ze verstoen, waren ons leschten Enns egal.

RTL

© Hype Film

Den 3 Stonne laange japanesche Film DRIVE MY CAR vum Hamaguchi Ryusuke baséiert op enger Kuerzgeschicht vun 30 Säiten (!) a léisst engem au contraire all Zäit, fir tëschent stonnelaangen Autofahrten a Prouwe vum Tschekov sengem "Oncle Vania" genau ze verfollegen ëm wat et geet. No enger interessanter éischter hallwer Stonn wärend där d'Relatioun beschriwwe gëtt tëschent dem Theater-Realisateur a senger Fra, mat där hiren Infidelitéiten hie sech accommodéiert huet, hänkt de Film laang duerch, éier, nom onerwaarten Doud vun der Fra, eng nei d'Relatioun tëschent dem Realisateur an enger buedemstänneger jonker Fra, déi hien als Chauffer vun der Produktioun imposéiert krut, entsteet. Déi zwee vertraue sech no an no een deem aneren un, wat zu engem staarke Schluss féiert, deen dat laangt kucken e bëssen vergiessen deet.

Zur Kategorie "OK, mee net ëmwerfend" gehéiert de finneschen "train-movie", COMPARTMENT N6 vum Juho Kuosmanen. Änlech wéi am japanesche Film, awer op vill méi eng accessibel a melancholesch Manéier, musse sech hei eng kulturell gebilte finnesch Studentin an en éischter ongehuwwelte russesche Biergaarbechter e Kompartiment deelen. Wärend der laanger Rees vu Moskau op Mourmansk léiere se sech géigesäiteg schätzen, wat och derzou bäidréit, hirer Einsamkeet Ausdrock ze ginn.

Och de FLAG DAY vum Sean Penn huet sech kucke gelooss. Fir ons war et virun allem e groussen Uff!, wéi de Film eriwwer war, well keen huet him nach esou eng desaströs Receptioun vu sengem neie Film gewënscht, wéi dat 2016 hei zu Cannes, zu Recht, mat "The last Face" de Fall war. Trotzdeem "Flag Day" kënnt bei wäitem net u seng viregt excellent Filmer wéi "The Pledge" (2007) oder "Into the Wild" (2016) erun.

RTL

© 2021 Metro-Goldwyn-Mayer Pictures Inc.

A "Flag Day" spillt de Sean Penn en absolut onzouverlässege Mythoman, Ligener, klenge Kriminellen a chronesche Loser, deen ni Asiicht weist an trotzdeem versicht, sech op iergendwéi touchant, mee onbehollef Manéier ëm seng Duechter ze bekëmmeren, déi vu senger eegener Duechter Dylan Penn interpretéiert gëtt. Si steet am Zentrum vum Film a mat hir gi mer duerch all hir Gefiller vis-à-vis vun engem Papp, dee se nëmme belunn an enttäuscht huet, an dee se trotzdeem gär huet. Wéi gesot "Flag Day" ass kee schlechte Film, mee et feelt ëm u Rhythmus an Héichpunkten.

Den Israelesche Film "AHED'S KNEE" vum Nadav Lapid, deen 2016 mat "Synonyms" de Gëllene Bier zu Berlin krut, ass agaçant, chaotesch an aggressiv. E Film, deen aus dem Bauch eraus kënnt an an deem de Realisateur seng ganz Verzweiwlung an Haass géint de politesche System vu sengem Land, seng Arméi an d'kulturell Zensur, reegelrecht eraus jäizt.

Dëst geschitt alles wärend enger kultureller Manifestatioun matten an der Wüüst, wou e confrontéiert gëtt mat enger jonker Beamtin vum Kulturministère, dat sech och onwuel am System fillt. Eng Geschicht gëtt et net, just eng länger Episode iwwert Manipulatioun, Humiliatioun an Intrige an der Arméi, déi hallefwegs normal verzielt ass. Soss sinn et an der Haaptsaach laang Haassrieden, eng hektesch Kamera, déi duerch d'Luucht flitt, exzessiv No-Opnamen, betäubend Musek. Villäicht originell, sécher pretentiéis an onnéideg.

Schléisse mer of mat enger positiver Nout an engem typesche Cannes-Film. TRE PIANI vum Nanni Moretti, dee fir d' 8. Kéier zu Cannes a Kompetitioun ass. "Tre piani" ass e chorale Film iwwer dräi Familljen an engem Immeuble. E Riichter, dee seng Fra deet, sech tëschent hirem rebellesche Bouf an him ze entscheeden. E Papp, deen obsedéiert ass dervun, dass seng Duechter vum senillen Noper kéint sexuell belästegt gi sinn, a sech da selwer vun engem jonke Meedchen verféiere léisst, eng jonk Fra, déi fäert wansinneg ze ginn a sech eleng gelooss fillt vu hirem Mann, deen op Krichsfouss mat sengem Brudder steet.

RTL

© Tre Piani: Droits réservés

Et ass e Film an deem de Moretti schounungslos mat autoritäre Strukturen a verantwortungslos Päpp ëmgeet, déi alles ronderëm sech zerstéieren, a Fraen, déi versichen, sech ze wieren. All doe se sech schwéier, hir Feeler anzegesinn an ze verzeien. "Tre Piani" ass erzieleresch effikass. Der Denonciatioun vu gesellschaftleche Problemer, déi hei vum Moretti op eng zimmlech frontal Manéier duergestallt ginn, feelt et un der Subtilitéit, dem batter-séissen Humor an och den Emotiounen, déi seng beschte Filmer "Mia Madre" oder "la Chambre du fils" (Palme d'Or, 2001) ausgezeechent hunn.