D'Aarbechten hunn e Freideg no den Originalpläng vum Kënschtler ugefaangen, dat hu säin Neveu Vladimir Javacheff an de Musée Centre Pompidou matgedeelt.

A Gedenken un de verstuerwene Kënschtler Christo gëtt de Paräisser Arc de Triomphe mat Stoff devoiléiert. Den 18. September soll dann d'Aweiung sinn.

De Christo wollt den Arc de Triomphe eigentlech schonn d'lescht Joer mat sëlwerbloem Stoff devoiléieren, ma d'Corona-Pandemie war dotëscht komm. Dunn ass deen zu New York liewende Kënschtler am Juni 2020 am Alter vu 84 Joer gestuerwen.

An der franséischer Haaptstad haten de Christo a seng verstuerwe Fra Jeanne-Claude 1985 och schonn d'Bréck Pont Neuf agepaakt.

Zu de Wierker vum bulgaresche Kënschtler hunn och d'Landschaftsprojete wéi "The Floating Piers" um italieneschen Iseoséi oder "The Gates" am New Yorker Central Park gezielt.