All Joer iwwer d'Summerméint, verwandelt sech déi kleng Stad Arles a Südfrankräich an en Hotspot fir d'Fotografie.

Déi 52. Editioun vun de Rencontres photographiques ass awer och fir d'Organisateure vun dësem Joer eng aussergewéinlech Editioun. Manner international Visiteuren a manner Ausstellungen. D'Lëtzebuerger Presenz war awer vun Ufank un assuréiert. Déi zwee Artiste Lisa Kohl an Daniel Reuter stellen an der barocker "Chapelle de la Charité" aus.

Déi historesch Stad Arles bitt en aussergewéinleche Kader, fir Fotoen auszestellen. Et ass eng ganz speziell Editioun mat ronn 20 Ausstellunge manner wéi nach déi Jore virdrun. Fir d'Organisateure vun de Rencontres war et awer wichteg, de Flair vum Festival an d'Qualitéit vun den Ausstellunge bäizebehalen.

D'Lisa Kohl an den Daniel Reuter hu mat hiren zwee Projeten "Erre" an "Providencia" eng Zeenographie an der barocker "Chapelle de la Charité" realiséiert, déi mam beluedenen Dekor harmonéiert. Doduerch, datt de Festival d'lescht Joer huet missen ofgesot ginn, haten d'Associatioun Lëtz Arles an d'Kënschtler ee Joer méi Zäit, fir d'Ausstellung ze preparéieren.

Béid Kënschtler hunn eng Approche, um Terrain ze schaffen. Dem Lisa Kohl hir Wierker sinn op Plazen entstanen, wou d'Leit schwiereg Liewenskonditiounen hunn, op der US-mexikanescher Grenz oder och nach zu Lesbos beim Mëttelmier. Den Daniel Reuter ass tëschent 2016 an 2019 e puer Mol an den Chile gereest an huet ënner anerem och de Mënsch am urbane Raum portraitéiert. Seng Zäit am Quartier Providencia huet hie markéiert duerch déi vill architektonesch a sozial Kontraster.

D'Presenz vun de Lëtzebuerger um Festival ass immens wichteg. Et ass hei, wou si vill professionell Kontakter knëppen an hir Fotoen engem breede Public gewise ginn. Déi offiziell Inauguratioun huet vill Leit aus Lëtzebuerg ugezunn an de Feedback ass duerchaus positiv.

D'Rencontres photographiques gi bis den 26. September a bis dohin ass dann och d'Lëtzebuerger Ausstellung fir de public op.

Am Summermagazin gëtt een dann méi iwwert déi zwee Artiste gewuer.