E Samschdeg war d'Präisiwwerreechung vun der 74. Editioun vum renomméierte Filmfestival am Süde vu Frankräich.

D'Präisser goufe vun der Jury ënnert dem US-amerikanesche Regisseur Spike Lee iwwerreecht. De wichtegste Präis, nämlech d'Gëlle Palm, goung un "Titane" vum Julia Ducournau fir de beschte Film. Dëst ass déi 2. Kéier an der Geschicht vum Filmfestival zu Cannes, dass eng Fra d'Palme d'Or iwwerreecht krut. Déi éischte Kéier war et d'Jane Campion am Joer 1993.

De Grousse Präis vun der Jury goung bei der 74. Editioun un 2 Filmer: "Ghahreman" vum Asghar Farhadi an un "Hytti N°6" vum Juho Kuosmanen. Dee vun der Jury gouf och direkt 2 Mol verdeelt: Eng Kéier un "Memoria" vum Apichatpong Weerasethakul an eng Kéier un "HA'BERECH" vum Nadav Lapid.

An der Kategorie bescht weiblech Duerstellerin huet d'Renate Reinsve ofgeraumt. Als beschte männlechen Duersteller konnt sech de Caleb Landry Jones duerchsetzen.

RTL

Renate Reinsve / © AFP/Valery HACHE

De Ryūsuke Hamaguchi an den Takamasa Oe hunn de Präis fir dat bescht Dréibuch gewonnen an d'Auszeechnung fir déi bescht Regie krut de Film "Annette" vum Leos Carax.

D'Jodie Foster an de Marco Bellocchio stounge schonn am Virfeld vun der Soirée als Gewënner vum Éierepräis vum Filmfestival fest.

D'Lëtzebuergerin Vicky Krieps war iwwerdeems mat 2 Filmer an der offizieller Selektioun zu Cannes vertrueden. Dat mat "Bergman Island" an "Serre moi fort". An der offizieller Kompetitioun war donieft och d'Samsa-Co-Produktioun "Les Intranquilles".

Cannes ass zeréck, wann och an ongewinntem Kader

Nodeems de Filmfestival zejoert huet misse wéinst der Pandemie annuléiert ginn, konnt en dëst Joer nees iwwert d'Bün goen, allerdéngs anescht wéi déi Jore virdrun. Um Ufank vun der Pandemie goufe Spidolsbetter am Palais des festivals opgeriicht, ugangs 2021 gouf en als Impfzenter ëmfunktionéiert an elo am Juli goufen hei déi beléifte Palmen iwwerreecht. Ganz am Respekt vun den Hygiènesmesuren. Visiteure missten e Mask unhunn a sech reegelméisseg teste loossen. Net ze vergiessen d'Kussverbuet, och wann et um rouden Teppech üblech ass, de Schauspillkolleegen e Kuss op de Bak ze ginn.

RTL

© AFP