Hie gëllt als ee vun den Hip-Hop-Pionéier an den 80 Joren. Elo ass hien am Alter vun nëmme 57 Joer gestuerwen.

De Rapper Marcel Hall, bekannt ënnert sengem Kënschtlernumm Biz Markie, ass no laanger Krankheet verscheet. Dat huet säi Spriecher dem People-Magazin confirméiert. Hien huet déi lescht Joer ënner Diabetis Typ 2 gelidden. Et ass allerdéngs nach näischt Genaues iwwert d'Doudesursaach bekannt.

Säi gréissten Hit war "Just A Friend" aus dem Joer 1989. Donieft huet hie mat Kënschtler wéi de Beastie Boys oder 5 Sterne Deluxe zesummegeschafft an esouguer am Film "Men in Black II" matgespillt. Do war hien als Mataarbechter vun der Post vun der Säit vum Will Smith ze gesinn.