Et gouf dëst Joer eng exzeptionell staark Lëtzebuerger Presenz beim renomméierte Filmfestival am Süde vu Frankräich.

Fir d'Lëtzebuerger Koproduktioun mam Vicky Krieps goufen et Standing Ovations. Standing Ovatiouns an de offizielle Seancen, an den 2 grousse Säll vu Cannes sinn näischt Aussergewéinleches, éischter d'Reegel. Zemools, well e gudden Deel vum Public an deene Seancen aus de Mataarbechter an den Ekippe besteet an d'Ovatioun ass "standing", well d'Leit wëllen d'Ekipp, déi matzen am Sall sëtzt, gesinn a mat den Handye filmen. Et ass also och net ganz richteg ze behaapten, d'Vicky Krieps hätt eng "Standing Ovation" kritt, well déi fir déi ganz Ekipp gëllt an net fir eng eenzel Persoun, och wann natierlech de Realisateur an d'Acteuren am Virdergrond stinn.

Fir d'Vicky Krieps war Cannes awer sécherlech e risegen Erfolleg mat villen Artikele vu Filmkritiker iwwer seng artistesch Leeschtung a vill Presenz och an de "People"-Magazinen. Esou huet d'Vicky Krieps definitiv hei zu Cannes e richtege Star-Status erreecht; ma d'Vicky gesäit dat ganz realistesch: "Ech mengen, et si Momenter, d'Liewe funktionéiert a Phasen, bei mir ass dat elo eng Phas, et wäert och bestëmmt eng aner kommen, ech hat och scho ganz anerer; ech hunn do iergendwéi keng Angscht virdrun. Dat sinn elo hei 4 Deeg, wou ech net weess wou, mer de Kapp steet, dat ass och speziell, dat huet och vill mat Corona ze dinn, datt mer elo grad esou vill schaffen, an datt erëm esou vill lass ass. Ech wëll ëmmer erëm an d'Éislek goen an den Handy ausmaachen."

Wat elo di 3 Lëtzebuerger Koproduktiounen an offizieller Selektioun ubelaangt, esou hate mer schonn iwwer déi 2 Animatiounsfilmer geschwat.

"Le sommet des dieux", dee de Stephan Roelands vu Melusine Productions koproduzéiert huet, krut relativ wéineg Presse Echo, well de Film just am Open Air Cannes Plage gewise gouf. Ons huet de Film wierklech gutt gefall, en ass extrem spannend, gutt gemaach mat enger Musek déi ee matrappt.

Deen aneren Animatiounsfilm "Where is Anne Frank" vum Ari Folman, mam Jani Thilges vu Samsa Fim als Haaptproduzent, ass an offizieller Selektioun awer Hors Concours gewise ginn. De Film ass excellent hei ukomm an och scho weltwäit verkaf.

Samsa Fim an de Produzent Jani Thilges waren da weider mat der Koproduktioun "Les Intranquilles" vum belsche Realisateur Joachim Lafosse um Dill, net nëmmen an der offizieller Selektioun, mä souguer direkt an der Kompetitioun.

"Et ass déi éischte Kéier, wou ee vun engem Lëtzebuerger-produzéierte Film effektiv an der Kompetitioun ass. Dës Kéier ginn ech mat 2 Filmer, déi ech wierklech produzéiert hunn, wat genial ass. Se hu 27 Filmer, mengen ech an der Selektioun; zwee dervun ze hunn ass einfach...du kenns de Kino, du weess wéi schwéier et ass, iergendwou zu Cannes ze sinn, fir dohinner ze kommen... wann s de der dann zwee an engem Joer hues, dat ass einfach ongleeflech", sou de Jani Thilges.

De Film erzielt d'Geschicht vun engem bipoläre Papp a weist ouni Pathos op ganz nuancéiert an touchant Manéier, wat fir Konsequenze seng Krankheet op seng Fra a säi Bouf huet. Och d'Mise en scène ass remarkabel an eng Plaz am Palmarès wär duerchaus méiglech.

Cannes war also an allen Hisiichten e groussen Erfolleg fir Lëtzebuerg.