De Georg-Büchner-Präis ass eng vun de renomméiertsten Auszeechnungen an der däitscher Literatur. Dee Präis geet dëst Joer un den Éisträicher Clemens Setz.

Wéi et de Jury vum Büchner-Präis begrënnt, wier de Setz e Sproochkënschtler, deen a senge Romaner an Erzielungen ëmmer nees mënschlech Grenzberäicher exploréiert.

Eent vun de bekanntste Wierker vum Clemens Setz koum 2015 eraus. Den 1.000 Säiten décke Psycho-Thriller " Die Stunde zwischen Frau und Gitarre" krut deemools de Wilhelm-Rabe-Literaturpräis.

De Büchner-Präis ass mat 50.000 Euro dotéiert a gëtt de 6. November zu Darmstadt iwwerreecht. Zejoert krut d'Elke Erb d'Auszeechnung.