Vum 28. Juli u ginn et nei Mesuren an de Kinoe vu Kinepolis zu Lëtzebuerg, dëst a Kooperatioun mam CovidCheck.

Dat huet Kinepolis um Mëttwoch an engem Communiqué annoncéiert. Mam Accord vun den zoustännegen Autoritéiten hu si all néideg Mesuren ergraff, déi vum 28. Juli un an den dräi Kinepolis-Kinoen zu Lëtzebuerg a Kraaft trieden.

Sou wäerten d'Liewensmëttelgeschäfter vun deem Datum un nees opmaachen. Och d'Maskeflicht souwéi den obligatoreschen Ofstand vun zwee Meter tëschent de Cliente an de Kinoe gëtt opgehuewen.

Fir awer an d'Kinoe eranzekommen, muss all Persoun iwwer 6 Joer ee CovidCheck-Certificat virleeë kënnen, dat an digitaler Form oder a Pabeierform:

Dat kann eemol een Impf-Certificat sinn, wou et 2 verschidde Fäll ginn:

-Wann een 2 Impfdose kritt, kann een um Dag vun der 2. Impfung an de Kino, oder 14 Deeg no der 1. Impfung wann een an de 6 Méint virun der Impfung mam Coronavirus infizéiert war.
-Wann een 1 Impfdosis kritt, da kann ee 14 Deeg no der Impfung an ee Kinepolis-Kino.

Donieft kritt een och mat engem gültegen, negative COVID-19-Test Zoutrëtt an ee vun de Kinoe vu Kinepolis. Fir deen gëtt et och nees zwou Méiglechkeeten, dat ass eemol een zertifiéierte PCR-Test oder awer een zertifiéierten Antigen-Test.

Eng lescht Méiglechkeet ass ee Certificat, dee bescheinegt, dass ee mam Coronavirus infizéiert war an elo nees gesond ass.

Kinepolis freet seng Clienten, déi kee gültege Certificat hunn, am Viraus een zertifiéierten Test ze maachen, fir onnéideg Waardezäit ze evitéieren.

D'Cliente kënnen trotzdeem ee Schnelltest fir 2.50€ op der Plaz maachen. Wéinst deene vun den Autoritéiten zur Verfügung gestallten Tester sinn si awer gratis, bis de Stock opgebraucht ass.

Heifir mussen d'Cliente mindestens 60 Minutte virum Ufank vun hirem Film op der Plaz sinn, fir hiren Test an de Raim ze maachen, déi dofir virgesi sinn.

Manner wéi 15 Minutte virum Film wäert de Schnelltest net méi méiglech sinn.