De Projet "Reverberations of Rockhal" soll weisen, wéi eidel dass d’Kulturhaiser wärend der Pandemie waren.

Den Duo Stiff Peaks Dofir huet sech vun enger Technik inspiréiere gelooss, déi fréier immens dacks an der Musekproduktioun genotzt gouf.

Rieds geet vun de sougenannten "Echo Chambers". Dat waren dacks grouss Säll an deene Musek opgezeechent gouf, well Stëmmen an Instrumenter méi staark erëmschalen an doduerch méi Ausdrock hunn. E puer bekannte Beispiller sinn ABBA mat hirem “Mamma Mia”, d’Beatles déi reegelméisseg zu London an den Echo Chambers op der Abbey Road opgeholl hunn, dem Frank Sinatra säin “Frank Sinatra Conducts Tone Poems of Color” an d’Musek vu villen Disney Filmer, wéi “Bambi” a “Marry Poppins”.

Hautzedaags ginn et sougenannte "Plugins" um Computer, déi den Effekt vun enger Echo Chamber kënnen erëmspigelen. Trotzdeem huet den Duo Stiff Peaks sech dozou entscheet d’Prämisse vun der Rockhal ze notzen an hir Pop-Up Session sou opzehuelen, wéi dat fréier gemaach gouf. Dofir hu si sech eng Rëtsch Raim ausgesicht, déi zu normalen Zäite gutt besicht sinn. Hei goufen da spezifesch Téin erageschéckt a vu klenge Mikroen erëm opgefaangen. Déi sougenannte "Reverbs" goufe sur-place gemixt.