An der neier Expo vum Lëtzebuerger Fotograf Marc Theis geet et ëm d'Entwécklung vum Kierchbierg iwwer déi leschte Joer.

"(In)Progress". Sou heescht déi neisten Ausstellung vum lëtzebuerger Fotograf Marc Theis. De Fonds du Kirchberg, deen den Developpement vum Quartier geréiert, huet reegelméisseg Fotografen lassgeschéckt, fir den Ausbau vum Quartier ze dokumentéieren.

„Hei gesi mer am Fong eng vu menge léifste Fotoen. Se zeechent sech doduerch aus, datt et ee Moment ass, dee relativ eemoleg ass. De Wénkel huet mer graphesch gutt gefall; ech hu vum Daach erof gekuckt; ech gesinn d'Autoen do stoen, déi genee déi Faarwen hunn, déi d'Bild huet. Deen Ament geet et just nach drëm, de Knäppchen ze drécken, alles schaarf ze hunn, an d'Stativ mécht de Recht. Da kennt dat doen dobäi eraus."

Vun haut u kritt een an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg dem Marc Theis seng Fotoen och am Groussen ze gesinn.

Zanter Joerzéngten ass Lëtzebuerg am Wandel. Ekonomeschen ewéi soziale Wuesstem verlaange méi Raum. Besonnesch de Kierchbierg ass no engem 2 Joerzéngten-Dauer-Chantier kaum nach ze erkennen. A senger Expo (In)Progress dokumentéiert de Lëtzebuerger Fotograf Marc Theis de Business District.

„Fir mech war et méi een Nei-Entdecken. Ech si wäit ewech gewiescht an dat maachen ech am Fong och am léifsten. Ech kommen iergendzwousch hin a gesi Saachen, déi ech nach net kennen."

D'Expo ass ee Mix u Kontrast vun Nei an Al – e Spigelbild fir d'Architektur aus de leschte Joerzéngten an e puer besonnesche Moment-Opnamen. Aktuell lieft de Marc Theis zu Hannover. Bekannt ass de Fotograf eigentlech fir seng Fotoe vu Leit.

„D'Approche bei de Mënschen ass: Et interesséiert mech, Mënsche kennen ze léieren. Dat fannen ech spannend. Iergendzwousch hinzekommen, du kenns déi Persoun net, du léiers se kennen. An du mëss eppes, fir dës dokumentaresch als Foto anzefänken, esou datt déi Foto an 20, 30 oder 50 Joer nach ëmmer déi Perséinlechkeet vu fréier ausstraalt. Bei der Architektur ass dat net vill anescht."

Passend zur Serie koum och d'lescht Joer e Buch eraus. Dat kritt ee bei enger Visitt op der Expo och nach bis den 11. September an der BNL ze kafen.