Dëse Mount huet déi fënneft "Triennale Jeune Création" an de Rotonden an am Casino Lëtzebuerg ugefaangen.

Et geet drëm, jonk Kënschtler aus Lëtzebuerg an der Groussregioun ze ënnerstëtzen. De Sujet vun der Expo ass "Brave New World Order".

Ganzer 43 Kënschtler, alleguer tëscht 1981 a 1996 gebuer, sinn op dëser Triennale Jeune Création vertrueden. Mat hire Wierker hu si op d'Thematik „Brave New World Order“ reagéiert an dat an deene Medien, déi hinnen eege sinn.

Fir dëse 5. Gebuertsdag vun der Triennale Jeune Création huet een decidéiert, fir d'Ausstellung ausnamsweis op zwou Plazen ze verdeelen. Deen éischten Deel ass an der Galerie vun de Rotonden, deen zweeten am Casino an der Ënneschtgaass.

Passend zum Thema „Brave New World Order“ maachen déi vill Kënschtler mat hire Wierker ee kënschtleresche Statement zu hirer Generatioun, hirer Vue op déi aktuell Gesellschaft an och op hir Zukunftsvisiounen. Natierlech hu sech d'Millennials vill mat den neien, technesche Medien auserneegesat, ma och déi traditionell Ausdrocksforme goufen net vergiess.

Nach bis de 29. August kann ee sech déi vill Wierker ukucken a wie Loscht huet, kann a Workshoppe mat verschiddene Kënschtler och selwer kreativ ginn.

www.bravenewworldorder.lu