De Spatz vun Avignon, déi Fra déi zanter éiweg déi nämmlecht Frisur huet, kritt den 22. Juli 75 Joer.

D'Mireille Mathieu ass e Stéck franséisch Chanson. 1.200 Lidder huet d'Sängerin mam hellen Teint a mat der typescher Carré-Frisur opgeholl, an 11 verschiddene Sproochen, franséisch natierlech, ma ënner anerem chinesesch, finnesch an och däitsch.

Hiert Liewen erzielt d'Mireille Mathieu ëmmer gär ewéi e Märchen, wéi d'Sängerin als aarmt Meedchen zu Avignon opgewuess ass, als Eelst vu 14 Gesëschter, bis si 1964 entdeckt gouf. Deemools sollt d'Mireille e Gesangsconcours gewannen, ass duerno op der Tëlee opgetrueden an huet mat Interpretatioune vun Edith Piaf-Lidder d'Häerzer vun de Fransousen eruewert. Lidder vum Spatz vu Paräis an esou gouf aus der Sängerin Mathieu de Spatz vun Avignon. "Demoiselle d'Avignon" sollt awer séier eng eege Mark, eng Mark fir sech sinn. Dem Mireille Mathieu säi Manager huet déi 1,53 Meter grouss Franséisin dozou bruecht, fir op däitsch, englesch, russesch, japanesch an sou weider ze sangen. Optrëtter mam Tom Jones, Dean Martin oder Julio Iglesias sinn nokomm. Spéider och de bekannten Duett mam Patrick Duffy.

Privat allerdéngs gouf et kee feste Mann am Liewe vum Mireille Mathieu. Et wier dacks traureg gewiescht, wann een op der enger Säit de gefeierte Star war an op der anerer Säit, privat keen hat, dee sech ëm ee gekëmmert huet.

Zum Schluss awer nach e Wuert zum Mireille Mathieu senger Frisur. Déi Hoer, déi ëmmer sëtzen, ob zu Paräis, Amsterdam oder New York. Der Sängerin hir Hoer géingen zimmlech séier wuessen, da geet et bei de Coiffer. Op Tour oder wärend Corona war dat och de Fall, do war et dacks d'Schwëster vum Mireille, déi fir de Styling suergt huet.