Et huet sech ugefillt, wéi ee Wee zeréck an eng gewëssen Normalitéit. Sou d’Ausso vun den Organisateure vum Atelier.

1.500 Tickete waren an der Vente an trotz deels schlechtem Wieder am fréien Owend waren d‘Spectateuren um Rendez-vous, fir déi belsch Sängerin Selah Sue live ze gesinn.

Ma natierlech net nëmmen d ‘Organisateure si frou, fir erëm um Terrain ze sinn. D ‘Sängerin Selah Sue ass méi wei begeeschtert endlech erëm op enger Bün ze stoen an d ‘Energie vun engem Live-Publikum ze spieren.

Den Atelier organiséiert de ganze Summer iwwer nach sëllege Concerten a d’Frënn vu gudder Musek kënne sech, wann d ‘Konditiounen et erlaben, op ee besonnescht Joer 2022 freeën. Et soll dat chargéierste Joer ginn, datt den Atelier bis elo kannt huet.

De ganzen Interview mam Selah Sue a mam Michel Welter vum Atelier kënnt der nächsten Donneschden am Kultur-Summer-Tour gesinn.