Déi organiséiert de Lëtzebuerger Historiker zesumme mam Musée nationale de l’histoire et de l’art.

Mir reesen zeréck an d'Zäit vun der Belle époque. D'Hotellerie huet schonn ëmmer zur Gare gehéiert. Ëm 1900 zielt een eng 100 Hotelszëmmeren. Um Héchststand 1938 waren et da ganzer 978. Haut huet sech d'Hotellerie awer deelweis verlagert an eng Partie Haiser sinn zou oder ginn renovéiert, wéi hei den Hotel Claas awer och den Hotel Alfa.

Robert L. Philippart (Historiker)

"Mir gesinn och hei, dass et a Wellen geet. Tëscht 1885 an 1895 kommen 9 Hotelle bäi. Am Kader vun der Weltwirtschaftskris kommen 16 Hotelle bäi. Et ginn och Hotellen, déi sinn iwwerhaapt net touristesch. Déi si geduecht fir zum Beispill Immigranten, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen."

Op der Visite Guidée geet et dann ëm d'Architektur, Baler an Fester, déi an dësen Hoteller gefeiert goufen, awer och méi pickesch Geschichten, wéi verstoppten Zouhälterei a Schéissereien. Et ass also fir jiddereen eppes dobäi. Wärend der ganzer Visitt ginn déi aktuell Gebaier da verglach mat Fotoen aus der deemoleger Zäit.

Um Schluss vun der Visitt, déi ronn 90 Minutten dauert, kënnt ee beim fréiere Carlton-Hotel laanscht. Hei verstoppt sech hannert der Fassade eng bekannte Lëtzebuerger Geschichte.

Robert L. Philippart (Historiker)

"Donc 1927 c'est le centenaire anniversaire de Michel Rodange. C'est donc la représentation d'un hommage au Renert de Michel Rodange dont on voit des représentations sur la façade. Ça témoigne de nouveau de cette ingéniosité qui marque la compétence la plus élevé, cette créativité des hôteliers."