D'Lëtzebuerger Sprooch huet eng Hellewull un eenzegaartegen an originelle Spréchwierder. Mir hunn eng Partie fir Iech erausgesicht.

Typesch lëtzebuergesch Spréch sammelen an opliewe loossen

Den Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch sammelt typesch Lëtzebuerger Spréch, fir dës erëm opliewen ze loossen. Interesséiert Bierger a Biergerinne kënne sech aktiv un dëser Initiativ bedeelegen an hir Spréch eraschécken.

Eng Iwwersiicht mat hire Bedeitunge fannt Dir op www.wuertschatz.lu.