Am Alter vun 46 Joer ass de Museker gestuerwen, dat huet seng Famill matgedeelt.

Am Ufank vun den 2000er hat déi amerikanesch Band grousse Succès a gouf weltwäit berüümt. 2010 gouf den Jordison als de beschten Drummer aus de leschte 25 Joer gewielt, dat vum Magazin Rhythm.

2013 huet hie Slipknot net an de beschten Ëmstänn verlooss. Eegenen Aussoen no, gouf hien zu dësem Schratt forcéiert. Spéider gouf bekannt, datt hien wéinst enger Nervekrankheet Probleemer hat, weider als Drummer aktiv ze sinn. Duerch eng streng Therapie war hien awer um gudde Wee, zeréck hannert den Drumset ze kommen.