Sinn d'Carrie an de Mr. Big nach zesummen? Déi Fro stelle sech bestëmmt vill Fans, déi sech elo schonn op de Spin-Off vu "Sex an the City" freeën.

Ufank den 2000er Joren hu vill Leit, warscheinlech besonnesch Fraen, Woch fir Woch virun der Tëlee dat turbulent Bezéiungsliewe vum Carrie, Miranda, Charlotte a Samantha zu New York verfollegt. Lo dierfen d'Fans sech op e Spin-Off "And Just Like That..." vun der beléifter Serie "Sex and the City" freeën, déi Kéier zwar ouni Kim Cattrall als Samantha Jones, dofir awer mat villen neie Gesiichter an natierlech dem Sarah Jessica Parker als Carrie Bradshaw, dem Kristin Davis als Charlotte York an dem Cynthia Nixon als Miranda Hobbes.

Nei am Cast sinn d'Cathy Ang an der Roll vum Lily Goldenblatt an d'Alexa Swinton als Rose Goldenblatt, den Niall Cunningham spillt de Brady Hobbes an d'Cree Cicchino verkierpert d'Luisa Torres.

Mëtt Juli hat d'Sarah Jessica Parker op Instagram Biller vu véier weidere Kolleeginne gepost, déi och mat dobäi sinn. Déi aus "Grey's Anatomy" bekannte Schauspillerin Sara Ramirez, déi eng Fra mam Numm Che Diaz spillt. Och d'Nicole Ari Parker, d'Karen Pittman an d'Sarita Choudhury sinn am Spin-Off an de Rolle vum Lisa Todd Wexley, der Dr. Nya Wallace an dem Seema Patel ze gesinn.

"Ech kann et kaum erwaarden, mat dëse brillante Schauspillerinnen ze schaffen, déi sou vill Talent, Humor a Begeeschterung an eisen Ensembel bréngen", huet d'Sarah Jessica Parker geschriwwen.

2022 soll d'Serie op HBO Max gewise ginn. Iwwer d'Handlung ass bis ewell allerdéngs nach näischt verrode ginn. D'Promisäit vun der "New York Post", déi sech op Detailer aus dem Dréibuch berifft, wëll awer wëssen, datt d'Carrie an hire Mann Big sech getrennt hunn. D'Koppel hat sech am Film "Sex and the City" (2008) no vill Hin an Hier d'Jo-Wuert ginn. An "And Just Like That..." soll et tëscht dem Carrie - déi antëscht iwwer 50 Joer al ass a Podcast-Moderatorin - an dem Mr. Big Problemer ginn. D'Trennung soll, wéi et schéngt, alles anescht wéi friddlech iwwer d'Bün goen. Et däerf een also op nei Bezéiungsdrame gespaant sinn.