De Serien-Star ass en Dënschdeg wärend den Dréiaarbechte vun der Fernseeserie "Better Call Saul" zesummegebrach.

Den 58 Joer ale Schauspiller gouf wéinst Häerzproblemer an d'Spidol ageliwwert. Säin Zoustand wier stabil, huet säi Spriecher matgedeelt.

De Bob Odenkirk ass ënnert anerem bekannt fir seng Roll an de Serien "Breaking Bad" a "Better Call Saul". Fir déi zweet gouf hien e puer Mol fir d'Emmy Awards a Golden Globes nominéiert.