D'Archiv vum Fotograf Pol Aschman gehéiert zu deene wichtegste Sammlunge vun der Stater Fotothéik.

Vun der Schueberfouer an der Braderie, iwwer déi groussherzoglech Famill, bis hin zu Stroossenzeenen, an der Ausstellung „des gens et des rues“ kann een dem Pol Aschman (1921 - 1990) seng meescht-fotograféiertste Motiver entdecken. Ma déi 163 Fotoen, déi meescht dovunner schwaarz-wäiss an am quadratesche Rolleiflexformat, bréngen dem Visiteur och d'Persoun Pol Aschman méi no.

Déi vill Biller huet dem Pol Aschman säin Neveu Christian Aschman aus ganzer 220.000 Negativen erausgepickt. Iwwert dem Recherchéieren ass him bewosst ginn, wéi staark sengem Monni seng Léift fir de Mënsch war. Eng Mauer mat 44 Portraite soll dat och dem Visiteur däitlech maachen. Dës Fotoen, déi virun allem aus de 50er a 60er Jore stamen,  portraitéiere Mënschen aus alle soziale Schichten, sief et bei hinnen Doheem, bei der Aarbecht, oder op der Strooss.

D'Archiv vum Fotograf Pol Aschman gehéiert zu deene wichtegste Sammlunge vun der Stater Fotothéik. Mat der Ausstellung „des gens et des rues“ wollt een dem Visiteur dem Pol Aschman seng Polyvalenz virun Aen halen an em säi schaarfen awer douce Bléck fir dat Besonnescht am Alldeeglechen ze spiere ginn.

Duerch seng Fotoe léiert een eng sensibel Perséinlechkeet mat immens ville Facettë kennen. Ee Personnage op der stänneger Sich no neie Renconteren a Geschichten.

Nach bis de 26. September ass dës Ausstellung am Ratskeller vum Cercle Cité ze gesinn.

Passend zur Ausstellung huet d'Stater Fotothéik och ee Katalog erausbruecht, an deem ee sech, ënnert anerem, nach eemol déi vill ausgestallte Wierker ganz a Rou ukucke kann.