Dat wuel bekanntste Bild vum Kënschtler Banksy ass nees um Marché.

D'Konschtwierk mam Titel "Love is in the Bin" gëtt de 14. Oktober vum Londoner Auktiounshaus Sotheby's versteet. De Verkafspräis gëtt op 4-6 Millioune Pond (5-7 Milliounen Euro) geschat.

Dat originaalt Bild mam Titel "Girl with Balloon" hat am Oktober 2018 fir bal 1,1 Millioune Pond de Besëtzer gewiesselt a gëtt elo vum Sammler weiderverkaf.

Kuerz nom Schluss vun der Stee ass d'Konschtwierk duerch e Schredder gezu ginn, deen an der viktorianescher Rumm verstoppt war. Duerch d'Aktioun, bei där d'Bild deelweis zerstéiert gouf, ass d'Konschtwelt net méi aus dem Staune komm.

D'Spiicht ass vum Banksy selwer inzenéiert ginn, dee schwéier ze faassen ass, well nëmmen eng Handvoll vun senge Frënn seng Identitéit kennen.

Den Alex Branczik, President vum Departement fir zäitgenëssesch Konscht, fënnt, dass de Banksy d'Bild net zerstéiert hätt, mä domat en neit Konschtwierk kreéiert hätt.

"Deen Owend virun 3 Joer sinn ech zoufällegen awer privilegéierte Besëtzer vum "Love is in the Bin" ginn", esou de Sammler, deen d'Bild gesteet hat. Ma elo wier et awer un der Zäit, d'Konschtwierk lasszeloossen.

D'Konschtwierk, dat e klengt Meedche mat engem häerzfërmege Loftballon weist, war ursprénglech am Oste vu London opgemoolt an ass onendlech Mol reproduzéiert ginn, wouduerch et zu engem vun de bekanntste Biller vum Banksy gouf.

Am Mäerz war dem Kënschtler säi Bild zu Éiere vum Fleegepersonal fir 14,4 Millioune Pond versteet ginn. Den Erléis goung un den National Health Service.