Am Zentralatelier vum Arbed-Site entsteet mam FerroForum e neien Eisenzentrum.

Eng gutt 150 Joer huet d’Schmelz zu Esch-Schëffleng schonn um Bockel. D’Metze Schmelz, wéi se ganz am Ufank geheescht huet, war mat eng vun den éischten industrielle Sitten zu Esch. 52 Hektar a Milliounen a Milliounen Tonnen un Eisen a Stol sinn hei produzéiert ginn. Am Zentralatelier, deen 1913 gebaut ginn ass an wou bis zu 200 Leit geschafft hunn, ass haut de FerroForum.

De FerroForum ass 2019 gegrënnt ginn mat der Iddi en neien Zentrum fir d’Eisen ze schafen. Kee Musée mee eng lieweg Plaz mat Géissaktivitéiten, enger Schmëdd, enger Schlässerei a villes méi.

E weideren Haaptvolet vum FerroForum ass d’Ressourcerie oder och nach d’Archiv dat sech op d’Material vun der Schmelz fokusséiert.

De Projet ass ee vun den dräi Tiers Lieuen culturel di finanziell vun der Oeuvre Grande Duchesse Charlotte ënnerstëtzt ginn . E wichtege Soutien deen et der Ekipp vum FerroForum erlaabt iwwert di éischt 3 Joer e Startkapital ze hunn.

An der Ekipp bréngt jiddereen säin Know How an Background mat eran. Ma wat si awer all mateneen verbënnt ass eng Nostalgie a Léift fir d’Schmelz. De Serge Molitor huet 1986 mat senger Léier op der Schmelz ugefaangen an och säi Papp huet säi Liewen laang hei geschafft.

Och wann d’Aarbecht op der Schmelz immens haart konnt sinn, ass awer dat Gefill vun der Gemeinschaft an dem Zesummekommen nach ëmmer immens staark.

De soziale Volet spillt also och fir de Projet vum FerroForum eng wichteg Roll. Dofir ass fir d’Zukunft eng Buvette an der Friche geplangt.Den materiellen an immateriellen Patrimoine vun der Lëtzebuerger Industriegeschicht soll op dëser Plaz vereent ginn. Mam Ziel de Savoir Fer un di nächst Generatiounen weider ze vermëttelen.

Di grouss Ouverture vum FerroForum ass dann fir d’Kulturjoer 22 geplangt. Mat Nostalgie a Virwëtz, Traditioun an Innovatioun gëtt mat der Geschicht vun der Stolindustrie geschafft. E Patrimoine deen déif am Minetter Buedem verankert ass.