Nieft enger Quell an der Pirminiuskapell gouf et fréier hei e Bauerenhaff. Dësen huet eng laang Geschicht.

Zanter 3 Joer ginn op dëser Plaz d'Iwwerreschter vun dësem ausgegruewen a restauréiert.

Et si virun allem jonk Leit, déi un dësen Ausgruewungen deelhuelen. Et ass e Studentenjob, bei deene si sech e puer Su verdéngen a gläichzäiteg sou munches leieren.

Den 23.Oktober 1936 gouf de Bauerenhaff duerch e Feier komplett zerstéiert. 50 Hektar grouss ass des Plaz. Zanter enger Rei Joren ass de Site als Monument national klasséiert.

Zil vun dësen Ausgruewungen ass et ënnert anerem d'Geschicht vun der Regioun - dem Naturpark Uewersauer - de Leit méi no ze bréngen. D'Përmesknupp soll och e pedagogeschen Zweck erfëllen.

2018 gouf d'Fassad vum Haff mat der Mëschtekaul an dem Pavé fräigeluecht. Virun zwee Joer gouf de lénksen, mi alen Deel, ausgegruewen.