Nodeems d'Editioun 2020 wéinst der sanitärer Kris verluecht ginn ass, fënnt se dëst Joer am Grand Théâtre de la Ville de Luxembourg statt.

An zwar mat enger Rëtsch Nouvellen: Duerch d'Aféierung vum Vott an zwee Tier bestëmmen d'Membere vun der Filmakademie net nëmme méi d'Gewënner, mä an engem éischten Tour och déi Nominéiert vun de Kategorien.

Donieft ginn et nei Kategorien, ewéi de Präis fir déi bescht Musek, de Präis fir déi beschten Interpretatioun an de Präis fir déi bescht erweidert Realitéit. Weider huet de Lëtzebuerger Filmpräis och elo säin eegene Site: www.filmpräis.lu

Nieft dem "Superjhemp retörns", dee fir dee beschte Lëtzebuerger Spill- oder Animatiounsfilm nominéiert ass, ass déi Lëtzebuerger Serie "Capitani", déi en immense Succès op Netflix hat, fir déi beschten TV- a Medieproduktioun nominéiert. Och d'Saison 2 vun der Serie "Band Banks" an de Film "Deux" sinn ënnert den Nominéierten.

All d'Nominéierunge fannt Dir um neie Site vum Lëtzebuerger Filmpräis.