De Jean-Paul Belmondo, franséische Film- an Theateracteur, ass e Méindeg am Alter vun 88 Joer zu Paräis verscheet.

RIP Jean-Paul Belmondo / Noruff Christiane Kremer

Dat huet säin Affekot Michel Godest confirméiert. Am Laf vu senger Karriär huet de Belmondo ronn 80 Filmer gedréit. Hie war ee vun de Gesiichter vun der franséischer Nouvelle Vague.

Den ënnert dem Spëtznumm bekannte "Bébel" ass den 9. Abrëll 1933 als Bouf vum renomméierte Paräisser Sculpteur Paul Belmondo an der Dänzerin Madeleine Belmondo op d'Welt komm. An de 50er Joren hat hie seng Ufäng an der Schauspillerei. 1959 ass him den Duerchbroch am Film "À bout de souffle" vum Jean-Luc Godard gelongen. Hie gouf spéider zu engem vun de gréisste Stars am europäesche Kino.

Zanter sengem Schlag 2001 war den Acteur kierperlech geschwächt. "Hie war zanter enger gewësser Zäit immens midd", sou dem Belmondo säin Affekot, "hien ass roueg gestuerwen".

L'acteur Jean-Paul Belmondo à la Villa Vauban en 1986
L'acteur Jean-Paul Belmondo à la Villa Vauban en 1986

Hei dat offiziellt Schreiwes vun der Stater Buergermeeschtesch :

Message de condoléances à la famille et aux proches de Jean-Paul Belmondo

C’est avec grande tristesse que nous avons appris la disparition de Jean-Paul Belmondo. Aujourd’hui, le monde pleure non seulement une figure emblématique du 7e Art mais également un personnage d’une gentillesse du moins aussi remarquable que sa filmographie.

En 1986, j’ai eu le plaisir de rencontrer Jean-Paul Belmondo ainsi que sa fille, Florence, et son fils, Paul, à l’occasion d’une visite à la Villa Vauban, où son père, l’artiste Paul Belmondo, exposait ses œuvres. Une rencontre des plus agréables dont les souvenirs me remplissent aujourd’hui avec beaucoup d’émotion.

À sa famille et à ses proches, j’adresse mes plus sincères condoléances.

Lydie Polfer

Bourgmestre de la Ville de Luxembourg