Mat nëmme 54 Joer ass de Schauspiller gestuerwen. Seng Läich gouf a senger Wunneng zu New York fonnt.

Genee Detailer zu der Doudesursaach ginn et den Ament nach net. D'Noriichtenagence AP, déi sech op d'New Yorker Police berifft, schwätzt vun enger méiglecher Iwwerdosis. Offiziell confirméiert gouf dëst allerdéngs nach net.

De Michael K. Williams gouf berüümt duerch seng Roll als "Omar Little" an der HBO-Serie "The Wire". Do dernieft huet hien a Filmer wéi "12 Years a Slave", "Ghostbusters" a "Kill the Messenger" matgespillt a war zum Beispill och an de Serien "Law & Order", "Boardwalk Empire" an "When They See Us" ze gesinn. Ausserdeem stoung hien an den US-Serien "The Sopranos", "Boston Legal", "CSI: Vegas" a "Law & Order: Special Victims Unit" kuerz virun der Kamera.

Säi Markenzeeche war seng Narb op der Stier, déi hien eegenen Informatiounen no duerch eng Kläpperei viru ronn 30 Joer krut. Déi huet him dobäi gehollef, eng Partie Rollen als Gangster an TV-Serien z'ergatteren.