"Changeons de décor" heescht och déi nei Saison am Escher Theater, déi Neies a gutt Bekanntes bitt.

Nei Saison Escher Theater

D'Direktesch Carole Lorang traut sech nach net ganz opzeootmen no den ustrengende Méint vum villen organisatoreschen Hin- an Hier aus der Pandemie-Zäit, mä freet sech awer, datt emol nees méi Leit kënnen an den Theater kommen. Villes ass dann och u Produktioune recuperéiert ginn an de Motto vun der leschter Saison soll och emol nach bleiwen: Changeons de Décor. Grad wéi och e Schwéierpunktthema: den Humor.

RTL

Carole Lorang

"Dass mer duerchaus kënne sozial-politesch Themen huelen, awer iergendwéi ëmmer eng Haltung hunn, wat déi vum Humor ass, dass dat esou eng Philosophie ass.
An do hu mer e ganze Koup Propositiounen. Den Zirkus hu mer relativ ausgnebaut an do ginn et Kënschtler, Clownen an am Danz Choreographen, déi sech referéieren op de Buster Keaton oder den Charly Chaplin, dat jo Kënschtler waren, déi de Mënsch a senger Tragikomik gewisen hunn. An ech fannen, datt dat ubruecht ass an där Zäit an där mer liewen."

RTL

Concerto pour deux clowns / © NC

Accueil vu Produktiounen, awer och Eege-Kreatiounen oder Co-Produktioune bleiwen an der Linn vum Haus, an de Beräicher Theater, Danz, Zirkus, Musek a Jeunes Public. Eppes leit der Direktesch um Häerz: nohalteg schaffen

"Well ech fannen, sou wéi bis elo produzéiert gëtt, datt mer dann d'Saache just 3-4 Mol spillen, dat ass jo iergendwéi Gaspillage, souwuel intellektuell wéi kënschtlerech an dat ass jo awer och frustant.. Also mäin Zil ass et schonn, hei am Theater, datt mer eis esou e klenge Repertoire opbauen. A firwat kann een dat net och op nationalem Niveau gesinn, wou ee sech seet: Hei mir hu Stécker, déi bidde sech un, datt een déi ëmmer erëm eraushëlt. Et ass och ëmmer eng Demande do."

Natierlech ass déi nei Saison och markéiert vum Kulturjoer 2022, eng ganz Rei vu Poduktiounen droen och de Sigle vun Esch 2022. An nach aner Défië ginn et. En neie Sall - de fréiere Kino Ariston - soll vrun allem eng Plaz fir méi kleng Produktiounen oder Spektakele fir Jonker ginn. Fir de Rescht ass et dem Carole Lorang wichteg, datt hir Säll einfach accessibel solle sinn.

"Et géing mech freeën, wann trotz Pandemie, den Theater iergendwann den Theater vun de Leit, vum Quartier, vun den Escher ass an, datt se dat och als Plaz wouerhuelen, wou se kënnen hikommen, Zäit verbréngen, net nëmmen als Zuschauer e Stéck kucke kommen, mä wou se kënnen aktiv matmaachen. 
Dat ass och e Wonsch, deen ech hu fir den Ariston, datt dat eng PLaz gëtt, wou dat Partizipatiivt groussgeschriwwe gëtt."

RTL

© Patrick Galbats

Am Ganze komme 40 Spektakelen op d'Bün, dorënner 17 Kreatiounen oder Rekreatiounen. Virgesi sinn 68 Virstellungen an 46 Opféierunge fir Schoulen.

Offiziell fänkt d'Saison den 1. Oktober un, mat dem Hip-Hop-Danzstéck "Anopas", dono kann een d'Reprise vun Theaterproduktioun "Gretchen 89ff" gesinn mam Luc Feit a Steve Karrier. 
A ganz partizipativ ass et dono mat "Der Besuch der alten Dame" vum Friedrich Dürrenmatt, eng Produktioun vun ILL mat der Biergerbün.