Zanter Joren huet de Phil Collins gesondheetlech Probleemer. Wärend senger nächster Tour mat der Band "Genesis" wäert de Museker am Sëtzen optrieden.

An den 80er-Joren ass een net laanscht de Museker a seng Band "Genesis" komm. Bis haut si Welthits wéi "In the Air Tonight" an "I Can't Dance" am Radio present. Dëst Joer ass de Phil Collins 70 Joer al ginn. Ma hie geet trotzdeem mat "Genesis" op Tour.

Leider wäert hien awer net méi Batterie spille kënnen. An engem Interview mat der BBC erkläert de Collins, datt divers physesch Probleemer hien dorun hënnere géifen. Nieft senger Funktioun als Sänger vun der Band, huet hien eng laang Zäit och als ee vun deene beschte Batteuren op der Welt gegollt. Op dëser Tour wäert awer säi Bouf, den Nic, Batterie spillen.

Sange kann hien awer nach ëmmer, wann och nëmmen am Sëtzen. "Ech si kierperlech bëssen ageschränkt. Dat ass frustréierend, well ech gären op der Bün spillen", sou de Collins weider.

Schonn am Joer 2000 hat de Museker wéinst enger Virusinfektioun säi Gehéier op dem lénken Ouer verluer. Hien huet sech awer bal rëm vollstänneg dovun erholl. 2009 ass hie mat den Halswirbelen operéiert ginn. Zanterhier huet hien dacks kee Gefill an den Hänn. Zanter enger Operatioun mam Réck ass säi Fouss hallef daf, firwat hie mat engem Bengel muss goen. Donieft huet hien och Diabetis. De Museker léisst sech trotzdeem net ënnerkréien.

14 Joer sinn zanter der leschter Tour vun "Genesis" vergaangen. Déi nei "The Last Domino?"-Tour féiert d'Band vu September bis Dezember, duerch Europa an Nordamerika. Et kéint awer sinn, datt dës Tour, déi lescht vun dëser Aart ass: "Mir sinn all Männer an engem bestëmmten Alter a bréngen dat lo op eng gewëssen Aart a Weis op en Enn. Ech kann nëmme fir mech schwätzen an ech weess net, ob ech dono nach eng Kéier op Tour wëll goen."