Hien ass definitiv déi wichtegst Figur aus der "Greek New Wave" an zielt och generell zu de wichtegsten zäitgenëssesche Regisseuren am Moment.

Mat sengen 38 Joer huet de griichesche Regisseur schonn eng Partie Filmer (Dogtooth, The Lobster,...) Opweises a si staark duerch seng Handschrëft gepräägt. Deelweis gëtt déi cinematographesch Beweegung där de Lanthimos ugehéiert och nach "Greek Weird Wave" genannt, wat absolut passend fir seng Filmer sinn.

Léift a Leed sinn dacks, wann och net ëmmer, en zentraalt Thema a senge Filmer, allerdéngs aus der Siicht vu Personnagen, déi iergendwéi net richteg bei der Saach sinn, iergendwéi net un der Situatioun an där se sinn deelhuelen oder beispillsweis Dialoger féieren, déi iergendwéi "off" sinn... An deem Sënn ënnerscheet sech de Yorgos Lanthimos och mat Regisseure wéi Cronenberg oder Noé, well de Lanthimos net, oder manner staark mat der Dier an d'Haus fält, ma sech d'Eegenaart vu senge Filmer scho bal latent, am Sënn vun "ënnerschwelleg" developpéiert.

Wéi gutt kenns du dech mam Yorgos Lanthimos a senge Filmer aus? Test däi Wëssen a probéier all Fro richteg ze beäntwerten. Eng falsch Fro, an et geet nees vu vir un!