E Samschdeg den Owend ass net wäit vun Esch a matten an der Natur d’Nuit de la Culture 2021.

No laangem organiséieren a plangen, ass een dann elo zënter enger Woch mam Opriichten am Gaangen, dat alles fir eng eenzeg Nuecht. Virun zwee Deeg stoung vun den Expositioune souzesoe réischt de Réibau an d'Material gouf vun enger Plaz op déi aner gefouert. E Samschdeg de Mëtteg huet dat schonn anescht ausgesinn. Et gouf just nach u Klengegkeete gefeilt, erkläert de Loïc Clairet, Generaldirekter vum Nuit de la Culture.

"On a presque terminé. Il y a toujours les petites choses dernières minutes mais on est bien avancé. Je pense que tout le monde est calme. Tout va très bien et le soleil arrive. C'est très plaisant."

Op der Nuit de la Culture hei am Ellergronn erwaarden d'Visiteure ronn 40 artistesch a kulturell Expositiounen, dorënner och Spektakelen, Musek a Workshops. Sou gëtt et hei zum Beispill och e Buerféiss-Parcours awer och eng Aart kënschtleresch Kiermes, déi een e bëssen un eng Fouer vu fréier erënnert, wéi de Pierre de Mecquenem, Compagnie La Machine, erkläert:

"Il y a un petit côté désuet dans cette proposition et en même temps c'est assez moderne. Jouer avec le feu et avec la lumière."

Fir den Organisateur vun der Nuit de la Culture ass all Projet eenzegaarteg. Een Highlight géif et fir hien awer ginn.

"La tortue de Gauguin. C'est un spectacle qui raconte un voyage de Paul Gauguin sur les Iles Marquises. Cette double culture, qui est vraiment très luxembourgeoise, aussi parce qu'on a tous souvent deux cultures quand on est au Luxemburg. Donc ça raconte vraiment ce beau voyage."

Et ass e Grupp, dee Gesang a Konscht matenee verbënnt, dat och nach héich iwwert dem Buedem

D'Nuit de la Culture bitt also esou munches. Dorënner och Theaterstécker mat alternativem Bünebild. Fir déi misst ee sech am viraus umellen, um Recht vum Site sinn d'Plazen awer net begrenzt.

2022 solle 5 esou Nuit-de-la-Culturen op verschiddene Sitten organiséiert ginn. Well den Opwand fir eng eenzeg Nuecht awer immens grouss ass, sollen déi dann ëmmer e puer Deeg laang daueren.