Mam Disco-Duo Baccara ass d'Maria Mendiola Enn vun de 70er Joren op ee Coup berüümt ginn. Bis haut ginn hir Hits gespillt.

"Yes Sir, I Can Boogie" an nach "Sorry, I'm a Lady" dierften déi meescht Leit kennen. Et si virun allem Hits, déi d'Spuenierin international bekannt gemaach hunn. Elo ass d'Baccara-Sängerin am Alter vu 69 Joer gestuerwen.

Dat huet hir nei musikalesch Partnerin Cristina Sevilla op hirem offiziellen Instagram-Profil vum Duo matgedeelt. Iwwer eng Doudesursaach si keng Detailer gewosst.

D'Maria Mendiola ass 1952 op d'Welt komm an huet hir Karriär am Ufank vun de 70er Joren op der spuenescher Tëlee am Ballet lancéiert. Do huet si hir Kolleegin Mayte Mateos kenne geléiert, mat där si den Danz- a Gesangsduo "Venus" gegrënnt huet. Deen Numm gouf kuerz drop a "Baccara" geännert. Kuerz drop goufe béid Flamenco-Dänzerinnen an engem Club op Fuerteventura entdeckt. Hir Hits zielen haut nach zu den Discoklassiker. "Yes Sir, I Can Boogie" war an 18 Länner an den Charts.

1979 ass hire Succès méi kleng ginn a Mëtt den 80er si béid Dammen getrennte Weeër gaang. D'Maria Mendiola huet awer eng nei Partnerin gesicht an mat hir zesummen 2017 en neien Album erausbruecht. E Sonndeg koum du wéi gesot d'Noriicht vun hirem Doud. Vill Fans sinn an Trauer an op de soziale Reseaue steet zum Beispill: "Tonight I will boogie - In the memory of Maria Mendiola".