Interaktiv a spilleresch Léieren. Kleng a grouss Naturfrënn konnten e Sonndeg um Naturmusée Fest vu ville flotten Aktivitéite profitéieren.

Ronderëm de Musée an um Site vu Neimënster stoungen eng 21 Stänn, op deenen d'Kanner ënnert anerem d'Welt vun de Champignonen entdecken a méi iwwer de Rôle vun den Insekten an der Natur léiere konnten.

Um Stand vun Natur an Ëmwelt konnten d'Kanner Käerze mat Beiewuess maachen a gläichzäiteg méi iwwert déi fläisseg Déiercher gewuer ginn. Am Blatdrock-Atelier konnte si dann och Säck selwer mat Planzen dekoréieren.  Et géif haaptsächlech drëms goen, d'Kanner fir d'Natur an d'Ëmwelt ze sensibiliséieren, esou d'Marianne Hoffmann vum service éducatif am Naturmusée. Doduercher, datt si sech méi direkt mat de Planze géife beschäftegen, hofft een och, datt si d’Ëmwelt herno méi respektéieren. D'Kanner sollen d'Zesummenhäng an der Natur besser verstoen andeems si selwer eng Hand kënne matupaken. De Naturmusée géif dowéinst ëmmer nei Weeër sichen, fir mat hinnen ze schaffen. Den Ament schaffe si mat der Firma a_BAHN zesummen un engem neie Projet, bei deem eng interaktiv App soll ausgeschafft ginn. Wild Cities, esou heescht de Projet, géif méi spéit duerch Augmented Reality hëllefen, den Zesummenhang tëscht den Déieren a Planzen an der Stad besser ze verstoen.

Déi Kleng ware virun allem frou, datt si zum Schluss och eppes haten, fir mat Heem ze huelen. Et wier cool, well ee vill kéint léieren an zum Beispill Schlaangen a Beie gesinn, esou ee Jong, dee mir beim Reptilien Atelier begéinen. Een Anere fënnt virun Allem de Käerzen-Atelier immense flott, well een déi kéint mat Heem huelen an ufänken. D'Deckelsmouke hätten him och immense gutt gefall. D'Kanner géifen déi verschidden Ateliere genéissen, erkläert eis e Mann, dee mat senger ganzer Famill op der Plaz ass. Virun Allem d'Beien hätte si begeeschtert. Hie géif d'Naturmusée Fest eng gutt Initiativ fannen.

Nieft all deem gouf och d'Welt vun de Reptilien spilleresch thematiséiert. Do si si dann ënnert anerem méi iwwer de Schutzmechanismus vun den Eidechse gewuer ginn a konnten och Verschiddener méi no kenne léieren.