Grouss Gewënner vum Owend waren de Lil Nas X an d'Olivia Rodrigo: De Rapper an d'Sängerin sinn e Sonndeg mat deene wichtegste Präisser ausgezeechent ginn.

D'Ouverture vun den MTV Video Music Awards (VMA) am Barclays Center zu New York koum vun der "Queen of Pop" héchstperséinlech. D'Madonna hat 1984 mat hirem Optrëtt zum Lidd "Like A Virgin" scho "VMA-Geschicht" geschriwwen. "Si hu gesot mir géifen net duerchhalen, mä mir sinn ëmmer nach hei", huet d'Madonna op der 40. Präisiwwerreechung vun de VMAs geruff. D'Sängerin, déi komplett a Lack a Lieder ugedoen war, ass fir hir opwenneg Optrëtter a verréckte Kostümer bekannt.

De Lil Nas X ass fir säi Lidd "Montero (Call Me By Your Name)" mat deem wichtegste Präis fir de "Video vum Joer" ausgezeechent ginn. D'Olivia Rodrigo huet direkt dräi Präisser ofgeraumt. Ënnert anerem ass säin Hit "Drivers License" als "Bescht Lidd" gekréint ginn an hat selwer als "Bescht Nei Kënschtlerin". "Ech sinn esou dankbar, dass ech Musek schreiwen a Saache maachen dierf, déi ech gären hunn, an dëst mäi Beruff dierf nennen", esou d'Sängerin wärend senger Ried.

Den Justin Bieber huet an der Kategorie "Kënschtler vum Joer" gewonnen a krut fir säi Lidd "Peaches" de Präis fir "Best Pop". D'Foo Fighters sinn op eng ganz besonnesch Aart a Weis als "Global Ikonen" geéiert ginn an d'Sängerin Billie Eilish huet mat sengem "Your Power" de Präis fir dee beschte Video gewonnen.