2020 konnt d'Art Week just digital stattfannen. D'Editioun 2021 plënnert elo vun der üblecher Location an der Victor Hugo Hal an en Zelt um Glacis.

i siwent Editioun vun der Art Week, dem Rendezvous mat Konscht, Artisten a Galerien, kënnegt sech fir de Weekend vum 12. November un. Aus de bekannte Grënn war d'Art Week d'lescht Joer eng réng digital Foire. Dëst Joer gëtt se souwuel digital wéi och physesch ofgehalen a si kritt dofir eng ganz nei Plaz: matten um Glacis.

Well d'Victor-Hugo-Hal jo nach ëmmer d'Funktioun vun engem Impfzenter huet, hu sech déi Responsabel ronderëm den Alex Reding missten eppes Neies afale loossen. Fir net ze wäit vun der traditioneller Plaz ewech ze sinn, ass séier de Virschlag komm, fir eng grouss Zelt-Konstruktioun vu 5.000 m2 op déi traditionell Fouerplaz ze placéieren. Do kann ee sech gutt op d'Erfarungswäerter vun internationale Konschtfoire stäipen.

7. Editioun Art Week op neiem Site

Den Alex Reding, Grënner vun der Art Week, seet iwwert dat neit Konzept: "Dee Site hei ass vill méi no un den internationale Standarden a mir konnten de Galerië méi grouss Surfacë ginn. D'Stänn si méi generéis an d'Weeër si méi grouss bannendran, wat elo an der Covid-Phas jo och kee Feeler ass."

Natierlech ass dat am Virfeld en aneren Organisatiounsopwand op verschiddene Pläng - logistesch a finanziell - mä et gesäit een et als Chance un, esou d'Directrice vun der Art Week Leslie De Canchy.

Um Prinzip an un der Philosophie soll sech awer näischt änneren. Et bleift bei der Haaptsektioun, wou 45 national an international Galerië mat Wierker present sinn. Besonnesch am Fokus steet dëst Joer Bréissel.

D'Sektioun "Take Off" wëll och nees Institutiounen, ASBLen, Kënschtlerkollektiver a Galerien, mat virun allem jonken Artisten, eng Plaz ginn, wou ee Wierker zu abordabele Präisser ka fannen.

2019 hat d'Art Week iwwer 15.000 Entréeën an ass deemools aus allen Néit geplatzt, dat kann een elo besser geréieren. 2020 hat mussen op eng digital Versioun ëmgeswitcht ginn. Iwwer 30.000 Visiteure waren online luusse komm. Dës positiv Erfarung wëll ee bäibehalen.