Vum 16. September bis de 16. Oktober gëtt e Concours fir Schüler organiséiert, déi sech déi éischte Kéier mam Theema Weltraum beschäftegen.

Am Kader vun Esch 2022 spillt d'Programmgestaltung fir Kanner a Jugendlecher eng wichteg Roll an der europäescher Kulturhaaptstad. An dësem Kontext organiséiert den Educatiounsministère zesumme mat der "Grand Est Academy" aus Frankräich, der "Luxembourg Space Agency" an dem "Luxembourg Science Center" de Molconcours "Kreative Concours - Iddie vu jonke Mënsche fir d'Zukunft vum Weltraum".

"Et ass och eng Méiglechkeet, d'Visioune vu jonke Mënschen zu engem aktuellen, wichtegen an inspiréierenden Zenario ze sammelen, dee Konscht a Wëssenschaft matenee verbënnt", esou d'Delphine Harmant, Managerin vun de Projete fir dee jonke Public vun Esch 2022.

De Concours riicht sech u Schüler am Alter vu 6 bis 12 Joer, déi zu Esch oder an enger vun deenen zéng "Pro-Sud-Gemengen" an d'Schoul ginn. Esch 2022 bitt pedagogesch Instrumenter fir d'Virbereedung vum Unterrecht un. Dorënner eng Videoanimatioun, fir den Interessi vun de Kanner fir de Concours ze gewannen, een Aarbechtsbuch fir Schüler, ee Guide fir d'Enseignanten an den Asaz vun engem Raumfaartprofi am Kader vum Programm "Space Goes to School".

Déi aussergewéinlechst Iddien hunn d'Chance, een Deel vun der Ouverture vun Esch 2022 de 26. Februar ze ginn. Alleguer d'Gewënner treffen den 29. November an der Maison du Savoir um Belval déi éischt europäesch Astronautin op der Internationaler Raumstatioun ISS, d'Claudie Haigneré, an de fréieren Direkter vun der däitscher Raumfaartagence, de Reinhold Ewald.

De Remix-Festival, deen den Optakt vun Esch 2022 mécht, steet ënnert dem Motto vun der Participatioun an der Co-Kreatioun an organiséiert e puer Workshoppen, Diskussiounsronnen a Concoursen.

Méi Detailer fannt Dir hei am Communiqué vun Esch 2022.