Den Dramaturg, Auteur a Regisseur a laangjäregen Direkter vum Groussen Theater ass e Freideg mam Theaterpräis ausgezeechent ginn.

E Freideg ass den 1. Lëtzebuerger Theaterpräis iwwerreecht ginn. Den Haaptpräis, deen d’Lieweswierk auszeechent, ass un den Dramaturg, Auteur a Regisseur a laangjäregen Direkter vum Groussen Theater Frank Feitler gaangen.

A senger Ried huet hie vrun allem deene Merci gesot, déi mat him geschafft hunn. An en huet e puer wichteg Messagë weiderginn un all déi, déi am Theater schaffen an dat och an de schwéieren Zäite vu der Pandemie gemaach hunn.

"Den Theater bréngt d’Gesellschaft op d’Bün. An d’Gesellschaft ass ëmmer an enger méi oder manner schwéierer Kris. Also hutt der ëmmer nach Aarbecht."

"Et geet ëm déi puer schéi Momenter, déi entstinn, wann alles wahrhafteg ass an alles eng Qualitéit huet. Da sinn d’Leit beréiert."

Lëtzebuerger Theater- an Danzpräis
E Freideg ass den 1. Lëtzebuerger Theaterpräis iwwerreecht ginn.