Um Enn vum Danzspektakel „Message in a bottle" stoung op eemol de Komponist selwer op der Bün an huet den Dänzer felicitéiert.

Eng Iwwerraschung war et fir déi gutt 700 Leit am reduzéiert-ausverkaaften a covidgecheckten Groussen Theater schonn:
Ganz onopfälleg an dezent hat de brittesche Museker sech ënnert de Publikum gemëscht an huet sech vun der Qualitéit vun der Produktioun vum Ensembel ZooNation ronderëm d'Kate Prince begeeschteren a vrun allem beréiere gelooss. Fir den Ensembel selwer war et iwwerhaapt den éischten Optrëtt am Ausland.

D'Musek huet de Sting op Wonsch vun der Choreographin Kate Prince nei agespillt, si huet mat hiren Dänzer dorobber eng aktuell Geschicht erzielt, vun 3 jonke Gesëschter, déi duerch e Biergerkrich aus hirem Land musse fortlafen an dono als Flüchtlingen nei Weeër sichen fir kënne sécher ze liewen.

D’Kate Prince, Choreografin a Sting-Fan, erkläert, wou d’Iddi fir « Message in a bottle » hierkoum:

Do war déi Foto vun deem klenge Jong aus Syrien, deen dout war an dat huet mech beréiert, well de Jong sou al war wéi meng Duechter. Ech sinn dat Bild net lass ginn. An du hunn ech un d'Texter vum Sting geduecht a wéi ech kéint seng politesch Stëmm gebrauchen, fir eng Geschicht z'erzielen, déi sou no bei mengem Häerz ass.)

Eng engagéiert Geschicht iwwer Angscht, Iwwerliewen, Hoffnung a Léift, spektakulär an Zeen gesat mat zäitgenësseschen Hip-Hop-Danz-Elementer op déi bekannten Melodien a Songs vum Weltstar Sting. Kloer, datt dono de Groussen Sall wierklech ze kleng war.