Zu Los Angeles goufen an der Nuecht op e Méindeg d’Emmye verginn, also de wichtegsten Televisiounspräis iwwerhaapt.

Dobäi ass déi brittesch Netflix-Serie “The Crown” als beschten Drama-Serie ausgezeechent ginn. An dëser Serie geet et ëm d'Liewe vun der brittescher Queen Elizabeth II. Domat huet sech de Streamingdéngscht Netflix fir déi éischte Kéier an der Top-Kategorie bei den Emmyen duerchgesat, ënnert anerem géint d'"Star Wars"-Serie "The Mandalorian" vun Disney+.

Weider gouf d'Olivia Colman, déi d'Queen Elizabeth II. an "The Crown" spillt, als bescht Drama-Schauspillerin ausgezeechent. Déi brittesch Schauspillerin huet de Präis als "schéint Enn vun enger aussergewéinlecher Rees mat dëser wonnerbarer Famill" bezeechent. Den Josh O'Connor, deen an der Serie de Prënz Charles spillt, krut den Emmy als beschte männleche Schauspiller an enger Drama-Serie.

An der Kategorie vun der Komedie gouf d’Sport-Serie „Ted Lasso“ mam Haaptacteur Jason Sudeikis, mat engem Emmy priméiert. An der Serie vun AppleTV+ geet et ëm en American-Football-Trainer aus den USA, deen Teamchef vun enger englescher Futtballekipp gëtt. Den Jason Sudeikis krut och nach den Emmy als beschte Komedie-Acteur.

D'Netflix-Miniserie "The Queen's Gambit" huet och en Emmy gewonnen a setzt sech ënnert anerem géint d'HBO-Krimi-Produktioun "Mare of Easttown" duerch. D'Serie, an där d'Anya Taylor-Joy eng talentéiert Schachspillerin mat psychesche Problemer spillt, hat ee weltwäite Schach-Boom ausgeléist.

Iwwersiicht vun de Gewënner

OUTSTANDING DRAMA SERIES: "The Crown" (Netflix)

OUTSTANDING COMEDY SERIES: "Ted Lasso" (Apple TV+)

OUTSTANDING LIMITED SERIES: "The Queen's Gambit" (Netflix)

LEAD ACTOR, DRAMA: Josh O'Connor, "The Crown"

LEAD ACTRESS, DRAMA: Olivia Colman, "The Crown"

LEAD ACTOR, COMEDY: Jason Sudeikis, "Ted Lasso"

LEAD ACTRESS, COMEDY: Jean Smart, "Hacks"

LEAD ACTOR, LIMITED SERIES OR MOVIE: Ewan McGregor, "Halston"

LEAD ACTRESS, LIMITED SERIES OR MOVIE: Kate Winslet, "Mare Of Easttown"

SUPPORTING ACTOR, DRAMA: Tobias Menzies, "The Crown"

SUPPORTING ACTRESS, DRAMA: Gillian Anderson, "The Crown"

SUPPORTING ACTOR, COMEDY: Brett Goldstein, "Ted Lasso"

SUPPORTING ACTRESS, COMEDY: Hannah Waddingham, "Ted Lasso"

SUPPORTING ACTOR, LIMITED SERIES OR MOVIE: Evan Peters, "Mare Of Easttown"

SUPPORTING ACTRESS, LIMITED SERIES OR MOVIE: Julianne Nicholson, "Mare Of Easttown"

OUTSTANDING TELEVISION MOVIE: "Dolly Parton's Christmas On The Square" (Netflix)

Dës Serien hu 7 oder méi Emmye gewonnen:

"The Crown" - 11

"The Queen's Gambit" - 11

"Saturday Night Live" - 8

"Ted Lasso" - 7

"The Mandalorian" - 7