Den 9. Oktober maache siwe Muséeën an der Stad hir permanent an temporär Ausstellungen nees bis 1 Auer an der Nuecht fir de Public op.

Nuit des Musées - Reportage Valeria Wiwinius

Dëst Joer feiert d'Nuit des Musées 20. Gebuertsdag mat engem ganz besonnesche Programm. Ënnert anerem gi Visite-guidéeën, Optrëtter, Workshoppen, kulinaresch Iwwerraschungen an eng festlech Nuecht am Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain organiséiert. Dëst mat musikalescher Ënnerstëtzung. Donieft ass ee Kombi-Billjee fir déi siwe Muséeën an eng gratis Navette agefouert ginn, fir d'Tour ze vereinfachen.

Den 20. Anniversaire ass een Ulass, fir op d'Verbindung tëscht de Muséeën an de Konschtzenter an der Haaptstad zeréckzeblécken. D'Evenement, dat 2001 op Initiativ vun der Grupp "d'stater muséeën" gegrënnt ginn ass, mécht de Public all Joer op déi kulturell Offer opmierksam. D'Nuit des Musées huet sech zu engem vun deene gréissten Evenementer am Grand-Duché entwéckelt an huet an der leschter Editioun 2019 méi wéi 24.000 Leit an d'Muséeë gezunn.

Wéi vill aner kulturell Veranstaltungen huet och d'Editioun 2020 wéinst der Pandemie missen ofgesot ginn. D'Muséeën, déi matmaachen, freeë sech matzedeelen, datt dëst Joer alles am Kader vum CovidCheck organiséiert gëtt. Virun der Visitt vun de Muséeën, hunn d'Spectateuren d'Méiglechkeet, ee gratis zertifiéierten Antigentest an engem vun deene 15 Testzenteren ze maachen.

Fannt hei de ganze Communiqué vun de "stater muséeën".